PRESSE Radio 100,7 CGFP spillt Ball a Richtung Chamber

Récktrëttsfuerderungen

06. Feb 2020 – 18:56

D’CGFP spillt am Dossier ronderëm d’Reaffektatioun vum SPAL-Gewerkschaftspresident Christian Schleck de Ball an d’Chamber. Den delegéierten Arméisminister Henri Kox hätt fälschlecherweis do op een Dokument verwisen, datt de Christian Schleck mat dem neie Posten averstane gewiescht wier, heescht et an engem Communiqué.

Françoise Keller / cbi

Henri Kox

Huet den Henri Kox bewosst Falschaussoen am Parlament gemaach? Foto: Archiv

D’Staatsbeamtegewerkschaft hätt awer eng schrëftlech Confirmatioun vun de Ministere Bausch a Kox, datt béid esou een Dokument net hätten. D’CGFP freet sech, ob den Henri Kox seng Aussoen deemno bewosst gemaach huet oder ob hien hanner d’Liicht geféiert gouf.

D’Chamber misst dëse Froen nogoen, éier d’CGFP op d’Récktrëttsfuerderunge vum SPFP géint d’Ministere Bausch a Kox kéint reagéieren. Eng Fuerderung, vun där sech souwuel d’Associatioun vun den Offizéier wéi d’Associatioun vun de Cadres supérieurs bei der Police distanzéieren.

D’Gewerkschaft vun de Forces publiques SPFP huet ufanks der Woch hir Basis aus Police an Arméi iwwer de Sträit mat den Autoritéiten informéiert. D’Gewerkschaft huet op en Neits kritiséiert, datt de Verteidegungsministère de Gewerkschaftler Christian Schleck wollt an der Arméi versetzen.

Source 100komma7.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen