PRESSE RTL.lu v

LOKALES-Téiteng Vum Tim Morizet (Télé)|Update: 11.02.2020 18:48

Ausstellung iwwert d’Geschicht vun der Police

niformen, Motorrieder, Fotoen a villes méi vu vergaangenen Zäite kritt een dës Woch op der Wanderausstellung vum Police-Musée zu Téiteng ze gesinn.

Uniformen, Motorrieder, Fotoen a villes méi vu vergaangenen Zäite kritt een dës Woch op der Wanderausstellung vum Police-Musée zu Téiteng ze gesinn.

Et si 4 gutt Grënn, fir eng speziell Astellung an d’Liewen ze ruffen. „D’Police vu fréier bis haut“ zelebréiert 222 Joer Gendarmerie, 90 Joer Verkéierspolice, 40 Joer Spezialunitéiten a 40 Joer Frae bei der Police zu Lëtzebuerg. Op der Ausstellung zu Téiteng an der Schongfabrick gëtt nach bis Enn der Woch e Stéck Geschicht vun der Police presentéiert.

E Stéck Geschicht, dat een net vergiesse soll. Grad fir Frae war d’Arrivée bei der Police keng einfach. 20 hate sech 1979 bei der Police gemellt fir d’Ausbildung vun 3 Joer um Härebierg. Jiddwer Fra hat déi och gepackt. En Zeeche vun der Zäit.

Police war bis dohin ëmmer e Männerdomaine. Bei allem, wou een do iergendwéi implizéiert war mat enger Fra, huet een op eng aner Fra missen zeréckgräifen. An der Reegel war dat dann d’Fra vun engem Polizist. Déi huet dann déi onangeneem Aarbecht gehat, fir zum Beispill e Kierper duerchsichen ze mussen.„, esou de Camille Diener, de President vum Police-Musée.

De Fraenundeel haut wier awer nach ëmmer net op deem Undeel, ewéi een e sech wënsche géif. Am Verglach mam Ausland läit en nach ëmmer ënnert der Moyenne vun 10% Fraen am Déngscht.

1979 war e grousst Joer fir d’Police. Nieft den éischte Frae gouf et och fir déi éischte Kéier eng Spezialunitéit. Hei gouf sech am Ausland un der GSG9 an Däitschland orientéiert. Dat och wéinst de rezenten Terror-Attacken zu dëser Zäit.

Fir deem entgéintzewierken, sinn dunn zu Lëtzebuerg och Iwwerleeunge gemaach ginn. De Moment gouf de Brigade Mobile vun der Gendarmerie op d’Bee gestallt. An Ufanks den 80er Joren huet d’Police dat selwecht gemaach.„, esou nach de Camille Diener.

Eng Gendarmerie, déi jo den 1. Januar 2000 mat der Police fusionéiert huet an zur Police Grand-Ducale gouf.

Bis datt de Police Musée en neit Doheem fënnt, bleift et fir den Ament emol bei de Wanderausstellungen. Bis e Sonndeg ass déi zu Téiteng nach fir de Public op.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen