PRESSE Radio 100,7 „Gréissten Deel vun de Bierger hale sech net un den Arreté“

18. Mäe 2020 – 08:36

Bei der Police wieren déi éischt Mataarbechter positiv op den neie Coronavirus getest ginn. Dem Pascal Ricquier no wier d’Organisatioun den Ament net einfach. D’Sécherheetsmesurë géifen awer virgesinn, datt d’Mataarbechter opgedeelt an net jiddweree matenee am Asaz wier. Et hätt ee sech esou organiséiert, datt déi Polizisten déi erausfueren, dee selwechten Auto géife behalen. D’Police hätt och e Stock u Schutzmaterial, dorënner Masken, Brëller a Plastikshändschen.

Pascal Ricquier
De Pascal Ricquier ass de President vun der Police-Gewerkschaft

Rahel Könen / cz

Et wier wichteg, datt déi Leit déi Kontrolle maache prioritär Schutzmaterial ausgedeelt kréien. Dem President vun der Police-Gewerkschaft no wier d’Schutzmaterial wärend de Kontrollen nach net am Gebrauch.

„Mir hunn och de Moie vun deenen, déi Kontrolle gemaach hunn, matgedeelt kritt, dat de gréissten Deel vun de Bierger sech net un den Arreté halen, dee vun der Regierung ausgestallt gouf.“

Bestrofunge fir esou e Verstouss wieren zwar am Gesetz, op dat sech dat neit Reglement vun der Gesondheetsministerin baséiert, virgesinn – wieren dem Pascal Ricquier no awer mat enger schwéierfälleger Prozedur verbonnen an net effikass genuch.

„D’Police muss also d’Moyene kréien, an esou Situatiounen direkt en Avertissement Taxé an adequater Héicht ofzehuelen, wéi dat och am Stroosseverkéier ka gemaach ginn.“

Fir d’Grenzkontrolle wier d’Lëtzebuerger Police den Ament net zoustänneg.

Source 100komma7.lu

Lauschteren em 07.00

Lauschteren em 08.00

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen