PRESSE RTL.lu „En erbäermlecht Trauerspill“

NATIONAL – CGFP iwwer Policereform-Debatt

RTL|Update: 23.05.2020 08:37

© RTL-Archiv

Esou bezeechent d’Staatsbeamtegewerkschaft d’Propos vun der CSV, fir et EU-Bierger méiglech ze maachen, Policebeamten hei am Land ze ginn.

… an d’Aussoe vum Policeminister François Bausch, deen där Iddi géintiwwer positiv agestallt ass.

D’CGFP kritiséiert ferm, datt am Aarbechtsgrupp, deen d’lescht Joer zesummegesat gouf fir iwwert d’Rekrutéierungsproblemer bei der Police ze beroden, keng eng Kéier déi Iddi erwäänt gi wier.

D’Police fir EU-Bierger opmaachen, misst déi lescht Optioun sinn, wann all aner Méiglechkeeten ausgeschöpft sinn. Déi neisten Entwécklung géing den Androck ginn, datt d’Kris ausgenotzt géing, fir op hannerhälteg Aart a Weis nei Fakten ze schafen, sou d’Staatsbeamtegewerkschaft.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen