PRESSE RTL.lu Personalproblem kann net ouni Unerkennung vun Diplomer geléist ginn

NATIONAL – Rekrutementer bei der Police RTL|Update: 04.06.2020 12:08

© Facebook / Police Luxembourg

Den OGBL an d’ADESP, d’Associatioun vun de Poliziste mat Secondaire-Diplom, hunn an engem Communiqué op d’Reform bei de Rekrutementer reagéiert.

De Personalproblem bei der Police kann net geléist ginn, wann d’Diplomer an d’Kompetenzen net kloer unerkannt ginn. Dat seet en Donnschdeg de Moien d’ADESP, d’Associatioun vun de Poliziste mat Secondaire-Diplom.

No der ëffentlecher Chamberssëtzung vum 19. Mee begréisst d’ADESP, dass eng „Filière sécuritaire“ soll geschaaft ginn, bedauert awer, dass Beamte mat Secondaire-Diplom nach ëmmer keng adequat Lounastufung kruten. Den Ament réit d’Associatioun de Schüler nämlech of, een Ofschloss am Secondaire ze maachen, wa si wëlle Polizist an der Lafbunn B1 ginn.

D’Associatioun vun de Poliziste mat Secondaire-Diplom bedauert iwwerdeems och, dass mat der Reform eng ganz Rei wichteg Formatiounen ofgeschaaft goufen oder nach wäerte ginn, déi wichteg wäre fir den Fonctionnement. Sou zum Beispill d’Ofschafe vun der ITB, der Instruction tactique de base um Härebierg.

D’ADESP weist sech dann och iwwerrascht, dass den Zougang zur Police fir Net-Lëtzebuerger soll opgemaach ginn. Et bedauert een, dass am Virfeld net mat hinne geschwat gouf.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen