Vum Annick Goerens (Radio)|Update: 22.07.2020 09:26
E Mëttwoch de Moie war de Policeminister eisen Invité vun der Redaktioun.
E Mëttwoch de Moie war de Policeminister eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir wëlle kee Police-Staat. D’Police wäert awer observéieren an denoncéieren, ob déi méi streng Covid-Reegele respektéiert ginn, ouni dofir an d’Privatsphäre missen eranzegoen. Et geet awer net ëm Repressioun, mä ëm d’Eegeverantwortung, déi hëlleft d’Pandemie an de Grëff ze kréien, sou de François Bausch um Mëttwoch de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
An de leschte Wochen hätt d’Police honnerte Kontrolle gemaach an d’Beamte géingen elo och direkt protokolléieren. Wann e Verstouss constatéiert gëtt, zum Beispill e Café deen Owes einfach d’Rolllueden erof mécht an da viru fiert wéi wann näischt wär, kéint d’Police e Protokoll schreiwen an da kéint eng Enquête gemaach ginn. An da misst de Concernéierte beweisen, datt e kee Feeler gemaach huet, esou de Policeminister.
Mir hunn e Personalmangel bei der Police an dat ass gewosst, sou reagéiert de Minister donieft op d’Kritik dës Woch vun der Policegewerkschaft SNPGL, dass Repos- an Aarbechtszäiten net géingen agehalen ginn. Et kéint een elo entweder all 3 Woch weider soueren, ma de Problem kéint eréischt behuewe ginn, wann am Hierscht iwwer 200 Leit kënnen agestallt ginn. Et wäre vill Projeten um Wee, mä et kéint een elo net bannent e puer Woche wett maachen, wat wärend Joerzéngte verpasst gi wär.
De grénge Politiker géif déi rezent, méi schlecht Sondage-Resultater, fir seng Partei iwwerdeems ganz eescht huelen.
Ma, et hätt een nach Zäit an dëser Legislaturperiod seng Dossieren ofzeschléissen an d’Leit vu grénger Politik ze iwwerzeegen. Och parteiintern wiere Feeler geschitt. Dës wieren elo awer Vergaangenheet an et wier ee mat enger neier jonker Ekipp gutt opgestallt fir d’Zukunft, sou nach de François Bausch.