PRESSE RTL.lu Weder Gesetz, nach Accord iwwer Aarbechtszäite gi respektéiert, sou d’SNPGL

NATIONAL Kritik vu Policegewerkschaft

RTL|Update: 20.07.2020 18:15

@ Domingos Oliveira

An engem Communiqué um Méindeg schreift d’Gewerkschaft vu Visitten, déi den delegéierte Police-Minister Henri Kox am Kader vum Accord gemaach huet.

De Minister wier bei de „Groupe Gare“ vum C3R Luxembourg a bei d’Police judiciaire kucke gaangen.

Op béide Plazen hätten d’Membere vun der Kontrollkommissioun, déi am Accord vu leschtem Joer iwwert d’Aarbecht- a Reposzäite virgesinn ass, festgestallt, datt weder d’Gesetz, nach den Accord respektéiert gi wieren.

De Minister hätt der Gewerkschaft no awer net zefriddestellend probéiert erauszefannen, wéi et dozou konnt kommen, datt falsch Rapporten iwwert d’Aarbechtszäiten ofgi goufen.

D’SNPGL geséich dowéinst keng aner Méiglechkeet, wéi eng Plainte wéinst Fälschung ze maachen.

D’Policegewerkschaft seet sech iwwerdeems iwwerrascht, datt déi Responsabel vun den Zerwisser bei der Visitt zouginn hätten, datt si sech wéinst engem krasse Manktem u Personal net un den Accord kéinten halen.

Datt géint den Accord an d’Gesetz verstouss géif ginn a kee géif versichen eppes dogéint ze maachen, an der Administratioun déi dofir zoustänneg ass, de Respekt vum Gesetz z’assuréieren, wier net ze verstoen, esou d’SNPGL.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen