PRESSE RTL.lu Wéi huet den Alldag vun der Police changéiert?

National-Summerinterview – Nadine Halbig

Vum Pierre Jans (Télé)|Update: 20.08.2020 18:48

Summerinterview: De kompletten Interview mam Nadine Halbig / Police

„Bleift Doheem“ war de Mot d’ordre an d’Police hu verstäerkt kontrolléiert, ob d’Bierger sech dorun halen. Wéi war dat fir d’Beamten?

Frënn gesinn, an de Restaurant goen, déi neist Ausstellung am Musée besichen… Haut kënne mer eis, bis op vereenzelt Ausnamen, nees fräi bewegen.

Virun e puer Méint war dat vun haut op muer net méi méiglech. „Bleift Doheem“ war de Mot d’ordre an d’Policebeamten hu verstäerkt kontrolléiert, ob d’Bierger sech dorun halen. Ma wéi hunn d’Leit reagéiert, wann d’Police huet missen intervenéieren? Ënnert anerem dat hu mir d’Polizistin Nadine Halbig am Summerinterview gefrot.

Extrait Nadine Halbig (1)

„Et war eng ongewinnten Zäit. Fir mech perséinlech elo net all ze vill, well ech awer nach weiderhi schaffe konnt goen, mä ech denke vill aner Leit ware vill méi staark betraff vun deene ganze Mesuren, déi wierklech da just nach doheem konnte bleiwen. Ech hat, wann ech op d’Aarbecht gaange sinn awer nach e bëssen déi Normalitéit, soi-disant, dass ech meng Aarbechtskolleege gesinn hunn an esou, natierlech ënnert der Moossnam, also ënnert all de Moossname vun deene strikte Mesuren, dass mer opgepasst hunn an och am Kontakt mam Bierger, mä awer konnt ech emol eraus kommen.“

Nieft dem Verstouss vun de sanitäre Mesuren an illegale Partyen, goufen et awer och ganz schéin a flott Momenter, sou d’Nadine Halbig:

Extrait Nadine Halbig (2)

„Et war wierklech scho méi oppen, d’Leit wëssen hoffentlech erëm ze schätzen, wat se hunn u sozialem Kontakt a wéi wichteg deen ass, wéi einsam et ass, wann een ouni dee liewe muss. An dann op der Aarbecht hat ech zum Beispill e Fall, du waren d’Kanner an der Quarantän, an déi hu sech e bësse gelangweilt, mir si laanscht komm an déi hunn sech esou gefreet, wa mer einfach nëmmen d’blo Luucht ugemaach hunn. An et ass einfach flott ze gesinn, mat wéi enge klenge Gesten een de Leit eng Freed ka maachen.“

De Respekt vun de sanitäre Mesurë war deemno ganz wichteg bei der Lëtzebuerger Police an trotzdeem war d’Aarbecht e wichtege soziale Facteur mat e puer schéine Momenter.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen