Invité vun der Redaktioun (28. August) – Francis Lutgen
Vum Annick Goerens (Radio)|Update: 28.08.2020 18:31
E Freideg de Moie war den Direkter vun de Ressources Humaines vun der Police eisen Invité vun der Redaktioun.
E Freideg de Moie war den Direkter vun de Ressources Humaines vun der Police eisen Invité vun der Redaktioun.
Ronn 2.500 Polizisten ginn et den Ament zu Lëtzebuerg. 200 Neier pro Joer sollen iwwert déi nächst 3 Joer agestallt ginn, wat schonns géif hëllefen, dass ee gutt opgestallt wier. Dat sot de Francis Lutgen, den Direkter vun de Ressources humaines bei der Police um Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Den Defi wär awer natierlech, déi néideg Kandidaten ze fannen an dann och mat Zäit auszebilden. Bis Enn 2022 hätt ee sécherlech keng 600 weider Beamten, mä bis 2025 da sécher.
Et ass u sech eng komplett Ëmstellung vum Rekrutement, déi den Ament leeft. An dofir muss och bei der Formatioun vun de Beamten ëmgeduecht a kondenséiert ginn. Do ass et esou, dass de Stage elo nees vun 3 op 2 Joer zeréck gesat gouf.
Derbäi kënnt: dass ebe méi rekrutéiert gëtt wéi déi Jore virdrun, wat derzou féiert, dass d’Instruction de base net ka weidergefouert ginn. A Punkto Niveau vun de Kompetenzen, hätt dat natierlech keng negativ Auswierkungen. Resumé Invité vun der Redaktioun
Den Encadrement vun den neie Beamten, wier awer en Challenge. Do wier eben och en Effort vun de Beamte mat méi Erfarung gefrot. Ee Beamten, deen aus der Schoul kënnt, huet vill geléiert, mä ass net e fäerdege Polizist a brauch Leit déi him hëllefen.
Perséinlech wier de Francis Lutgen iwwregens der Meenung dass de Critère vun der Lëtzebuerger Nationalitéit, fir an d’Police ran ze kommen, iwwerbewäert ass. Et wier e politesche Choix, deen do misst getraff ginn, op eng EU-Nationalitéit duergeet. D’Sprooche-Klausel, also dass ee Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätze muss kënnen, dat wier awer kruzial.
D’Police-Gewerkschaft SNPGL hat dann och d’Méiglechkeet an d’Spill bruecht, fir déi administrativ Aarbechte vun de Beamten z’erliichteren, dass se méi um Terrain kéinte sinn. Zum Beispill géing do och ëmmer nees dovunner geschwat ginn, fir den Transport vun Prisonéier un d’Giischtercher ofzeginn, mä domadder géing een de Problem och just verlageren, fënnt den Direkter vun der Personalverwaltung bei der Police. Et géing op alle Fall Potential ginn an et géing och driwwer nogeduecht ginn fir verschidden Aarbechten net méi vun Polizisten, mä vun Ziviliste maachen ze loosse, sou nach de Francis Lutgen. Invité vun der Redaktioun: Francis Lutgen
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.