PRESSE RTL.lu Polizist kritt manner héich Strof um Verwaltungsgeriicht

NATIONAL An 1. Instanz Vum Eric Ewald (Radio)|Update: 28.09.2020 07:19

© RTL-Archiv

Den Tribunal administratif huet e Recours géint eng Decisioun vum deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet vu Juni 2018 als justifizéiert ugesinn.

Deemools hat den Étienne Schneider decidéiert, dass de Polizist, nieft enger Degradatioun, och 3 Joer net avancéieren dierft. Fir d’Riichter sollt awer just ee Joer Retard an der Promotioun gesprach ginn. De Generaldirekter vun der Police hat am November 2015 e Regionaldirekter gebieden, eng Instruction disciplinaire géint de Chef vun engem Commissariat de proximité opzemaachen, dat am Kader vun engem penalen Dossier.

De Mann war am Mäerz 2017 vum Regionaldirekter gehéiert ginn an hat am September vun deem Joer matgedeelt kritt, dass hie seng Bemierkungen zu de Faite virbrénge kéint, déi him virgehäit ginn. De Polizist hat dat am Oktober 2017 gemaach. De Regionaldirekter hat nach dee selwechte Mount säi Rapport un de Generaldirekter geschéckt an deen am November 2017 de „Conseil de discipline de la force publique“ saiséiert. Deen hat am Februar 2018 d’Degradatioun an dee Retard an der Promotioun vun 3 Joer proposéiert. De Minister war där Propos am Juni vun deem Joer nokomm. De Mann war am August 2018 dowéinst op d’Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass eng Disziplinarstrof vun der Gravitéit vum Feeler ofhänkt, respektiv z.B. vum Betraffene senger Virgeschicht, woubäi vill Infraktiounen eng onzoulässeg Attitüd vum Beamten zu senger Aarbecht duerstellen a méi eng zolidd Sanktioun no sech zéie géifen. Dem Mann säi Verhalen iwwer Joren hätt dem Image vun der Police ferm geschuet. Dat wär net z’entschëllegen, weder doduerch dass de Mann keng disziplinaresch Antecedenten hat, nach dass hie reegelméisseg Poste mat Responsabilitéit an 2016 souguer eng Promotioun kritt hat.

E Commissaire en chef vun der Police hätt ethesch Consignen ze befollegen, soudass d’Strof a priori justifizéiert wär.

Well awer op den 1. Bléck tëscht November 2015 a Juli 2017 näischt am Dossier geschitt wär, sollt et zu enger manner héijer Strof kommen. Deemno wär just e Retard an der Promotioun vun engem an net vun 3 Joer ze spriechen.

De Mann hätt awer keng Indemnité de procédure vun 1.250 € zegutt, an d’Fraise wäre 50/50 tëscht dem Mann an dem Staat opzedeelen.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen