PRESSE RTL.lu Vertrieder vum Spal an SPFP wäerten net bei der Zeremonie dobäi sinn

NATIONAL – Alain Duschène geet an d’Pensioun RTL|Update: 28.09.2020 12:27

An enger feierlecher Zeremonie iwwergëtt de Generol Alain Duschène en Dënschdeg um Härebierg d’Leedung vun der Arméi un de Generol Steve Thull.

Dee gëtt domat Chef d’État-Major. Nieft enger Revue vun den Truppe sinn et d’offiziell Discoursen an d’Remise vun der Funktioun vum Chef vun der Arméi tëscht de Genereel Thull an Duschène, deen an d’Pensioun geet. Net bei der Zeremonie en Dënschdeg sinn iwwerdeem d’Vetrieder vum Beruffs-Syndikat vun der Arméi, dem Spal.
An engem Schreiwes heescht et, an der aktueller Covid-Situatioun sollt een u sech grouss Festivitéiten verbidden.

PDF: Pressecommuniqué vum SPAL

Da kënnt de Spal awer natierlech och nach eemol op d’Causa Christian Schleck ze schwätzen, wou sech de Generol Duschène dem Spal no net honorabel beholl hätt. Duerch d’Net-Präsenz en Dënschdeg wéilt een dem President Christian Schleck seng Solidaritéit ausdrécken.

Positiv kuckt de Spal awer an d’Zukunft a freet sech op besser Relatioune mam neien Arméi-Chef Steve Thull.

An der Causa Schleck war de Spal jo ganz wäit a sengen Aussoe gaangen an hat vu grave Lige geschwat, déi de Generol Duschène géif verbreeden. Gefrot gouf duerfir de Récktrëtt vum Generol, grad wéi den zoustännege Regierungsmemberen.

An der Affär goung et ëm eng kontestéiert intern Versetzung vum Christian Schleck, déi de Spal als „atteinte“ vun de gewerkschaftleche Fräiheeten ugesinn hat. Déi ganz Affär hat zu turbulenten Diskussioune bannent der Arméi gesuergt, wou um Enn d’Nouvelle stoung, datt de Generol Duschène an d’Pensioun goe wäert – deen Ament ass en Dënschdeg.

Den SPFP schléisst sech iwwerdeems der Meenung vum Spal un.

PDF: Pressecommuniqué vum SPFP

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen