NATIONAL Police-Kontrollen
Vum Tim Morizet (Radio), Serge Pauly (Tëlee)|Update: 29.10.2020 18:56
En Donneschdeg hunn den Henri Kox, Philippe Schrantz a Pascal Peters iwwert d’Kontrollen informéiert, déi am Kader vun den neie Corona-Mesurë gemaach ginn.
D’Police eleng kann duerch Kontrollen de Virus weder stoppen, nach ausmäerzen. Dat wier och net de But, esou de Police-Minister Henri Kox en Donneschdeg de Mëtteg bei der Informatiounsreunioun iwwer d’Kontrollen, déi am Kader vun de neie Corona-Mesurë gemaach ginn. Et géif ee bei der Police mat Bauchwéi de Couvre-Feu duerchsetzen – ma aussergewéinlech Mesurë wieren an dëser Situatioun verlaangt.
Vun e Freideg u ginn déi nei Kontrollen duerchgefouert. Dann trëfft nämlech och de Couvre-Feu a Kraaft. Hei solle virun allem de Couvre-Feu, d’Ouverture-Zäite vum Horesca-Beräich, wei vill Persounen op engem Dësch sëtzen, an de Port vum Mask kontrolléiert ginn.
De Philippe Schrantz, Directeur Général bei der Police: „Soulaang mer et eis effektiv kënnen erlaben, loosse mir d’Nuetsschichten op engem Maximum op eise Kommissariater dréinen. An och eis Verkéiersunitéite wäerte verstäerkt nuets ënnerwee sinn. Dat landeswäit a virun allem d’Weekender. Eis aner Kontrollen, ewéi zum Beispill d’Abréch, kombinéiere mer mat eise Covid-Kontrollen.“
Et wier elo awer net d’Zil, an all Supermarché all eenzel Persoun ze zielen, esou de Police-Minister Henri Kox: „Dir kënnt Iech jo virstellen, datt d’Police net an all Supermarché ufänke kann, do déi Leit eenzel ze zielen. An do ass de Rappell och nach eng Kéier, an déi Gespréicher lafen, och mat Mëttelstandsministère an de jeeweilege Geschäfter, fir datt hei selwer Initiativen ergraff ginn.“
Fir de Fall, datt een onbedéngt misst no 23 Auer ënnerwee sinn, soll ee preparéiert sinn an e Certificat bei sech hunn, deen den Deplacement rechtfäerdegt.
„A fir datt déi Kontrolle besser iwwert d’Bün ginn, wier et gutt, wann d’Leit, déi mer no 23 Auer owes untreffen, eventuell en Dokument kéinte presentéieren, wat beleet, datt si ënnert eng vun den Ausname falen. Ewéi zum Beispill en internationalen Titre de Transport, dee beleet, datt een ënnerwee oder um Retour vun enger Vakanz ass.“
De Philippe Schrantz an Henri Kox hu betount, dass d’Police net an d’Privatsphär vun de Leit wäert agräifen. Hei ass d’kollektiv Ustrengung vun den Awunner gefrot, fir d’Verbreedung vum Virus anzedämmen.
An de leschte Méint wier ee vun der Police virun allem nuets ënnerwee gewiescht. Hei goufen tëscht Mäerz an Enn Oktober 13.000 Kontrollen am Kader vun der Pandemie gemaach. 300 Protokoller vu judiciairer an administrativer Säit goufe geschriwwen. 2.800 Avertissements taxés goufen donieft verdeelt – haaptsächlech, well Persoune keng Mask unhaten oder sech wärend dem Lockdown am Mäerz net un d’Ausgangsspär gehalen hunn.
De Pascal Peters, Directeur Central bei der Police: „Mir hate 5.000 Appeller vu Leit, déi bei der Police ugeruff hunn, fir en Incident ze mellen. Dat waren zum Deel Informatiounen, datt sech Leit an engem Bësch oder soss op Plaze rassembléiert hunn. Oder, datt bei Nopere Kaméidi wier an een et do net kéint ausschléissen, datt sech net un d’Covid-Mesurë gehale gëtt.“
Et hätt een och bei der Police eng Rëtsch Infektiounen déi lescht Woche konstatéiert. Et géife 4 Mol méi Leit duerch Krankheet ausfalen ewéi soss. Ma et wier ee wäit dovunner ewech, seng Servicer mussen ze reduzéieren, verséchert ee bei der Police Grand-Ducale.