PRESSE RTL.lu Cour de Cassation casséiert an annuléiert Urteel vun der Cour d’appel

NATIONAL – Justiz Vum Eric Ewald (Radio)|Update: 17.11.2020

© AFP

Wat däerf e Polizist, wann en net am Déngscht ass? Dozou gëtt et elo en interessant Urteel op der Cour de Cassation.

D’Cour de Cassation erkläert d’Decisioun vun der Cour d’appel fir ongülteg a gëtt d’Affär u si zeréck, dat an enger anerer Zesummesetzung. Sou steet et an engem Urteel vun der Cour de Cassation an enger ganz interessanter Affär. Alles hat domat ugefaangen, dass d’Stater Geriicht e Procès-verbal vun engem Polizist géint en Automobilist wéinst ënnert anerem Infraktiounen am Stroosseverkéier annuléiert hat. D’Argument war, de Beamte wär net am Déngscht gewiescht, wéi hien deen Auto kontrolléiert hat. D’Cour d’appel an der Stad hat dat Urteel zejoert confirméiert, ma de Procureur général d’Etat adjoint war dogéint a Cassatioun gaangen.

Den 1. Cassatiounsmoyen hat dorëms gedréint, dass d’Cour d’appel zréckbehalen hat, dem Polizist an Uniform, deen a sengem Privatauto um Wee op d’Schaff war, wär e Won opgefall, deem säi Chauffeur weder e Stop, nach eng rout Luucht respektéiert hätt. De Beamten hätt doropshin d’Pabeiere kontrolléiert a festgestallt, dass keng valabel Assurance fir den Auto virlouch. De Polizist hätt dës Constaten awer gemaach, wéi hien net am Déngscht war, dat heescht kee Pouvoir hat, fir déi Kontroll duerchzeféieren. Et géif awer keng Gesetzdispositioun ginn, déi den Exercice vun enger Policemissioun op d’Déngschtstonne vun de Beamte limitéiert oder deen Exercice verbitt, wann et baussent deenen Auerzäiten dozou kënnt. D’Polizisten hätten Infraktiounen ze constatéieren an e Procès-verbal ze schreiwen. An dësem Fall wär de Beamten Zeie gi vun enger Iwwertriedung am Stroosseverkéier, hätt de Chauffeur gefrot, seng Pabeieren ze weisen an dobäi wär him opgefall, dass de Won net richteg verséchert war. D’Cour d’appel hätt, andeems se decidéiert huet, dass e Polizist kee Pouvoir huet, wann en net am Déngscht ass, dem Gesetz eng Konditioun bäigefléckt, déi net virgesi wär.

D’Cour de Cassation war dozou der Meenung, dass effektiv keng Gesetzdispositioun den Exercice vu Policemissioune vun den Déngschtstonnen ofhängeg mécht. D’Appellsriichter hätten, andeems si festgehalen hunn, dass de Beamten net am Déngscht war, wéi hien dee Won kontrolléiert a Constate gemaach huet, an dass et richteg war, dass déi 1. Riichter decidéiert hunn, hien hätt kee Pouvoir gehat, dem Gesetz eng Konditioun bäigefléckt an domat d’Gesetzdispositioune violéiert. Hiert Urteel wär dowéinst ze casséieren an et bräicht net op den zweete Cassatiounsmoyen agaangen ze ginn. Am meeschte gelies

Source RTL.lu

https://tpc.googlesyndication.com/safeframe/1-0-37/html/container.html

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen