NATIONAL – Drogen-Hotsport Garer Quartier
Vum Fanny Kinsch|Update: 26.11.2020 12:53

Fir d’Oppositiounsparteien am Stater Gemengerot kann et net sinn, datt d’ëffentlech Gewalt privatiséiert gëtt. Déi misst bei der Police bleiwen.
Op der Stater Gare an an der Uewerstad sollen am Dezember an am Januar Agente vun enger privater Sécherheetsfirma Presenz weisen, dat huet den DP-CSV-Schäfferot RTL-Informatiounen no decidéiert. D’Oppositiounsparteien déi Gréng, LSAP an déi Lénk si schockéiert.
Et géif e Probleem mam Drogenhandel op der Strooss ginn, op deem Punkt sinn d’Oppositiounsparteien d’Accord. D’Engagéiere vun enger privater Sécherheetsfirma wier hei awer net d’Léisung. Et kéint net sinn, datt d’ëffentlech Gewalt privatiséiert gëtt, esou d’Christa Brömmel vun déi Gréng. Dat wier d’Aufgab vun der Police.
„Wann een elo fir d’Gare kuckt, da muss ee jo awer och zur Kenntnis huelen, datt do eng personell Opstockung stattfonnt huet, dat hat och seng Effeten. A mir fannen, dass et op deem Niveau soll weidergoen, an datt et net d’Léisung ka sinn, fir d’Rôle vun der Police ze privatiséieren. Dat ass fir eis net acceptabel, dat fanne mer wierklech ganz geféierlech.“
Där Meenung ass och de Gabriel Boisante, LSAP-Conseiller a selwer Geschäftsmann am Garer Quartier. Hie géing sech eng Rei Froe stellen iwwert d’Kontrakter vun deene Leit, an och iwwert hir legal Méiglechkeeten. Ma et géif een och riskéieren, déi Drogenofhängeg ze stigmatiséieren.
„Wat maachen se, fir déi Incitivitéiten fir déi Toxicomanen, déi an der Strooss als krank Leit, well Toxcomanie ass eng Krankheet, ass eppes wou mir als Gesellschaft mussen eppes maachen a Léisunge fannen. Natierlech causéiert dat Incitivitéiten, wann ee Moies mat senge Kanner aus sengem Appartement oder sengem Haus kënnt an et gesäit een d’Leit, déi sech gesprëtzt hunn an hirem Haule, dat ass net normal. Et ass net normal fir déi Leit, déi do wunnen, et ass awer och net normal fir déi Persoun, déi do an där Situatioun am Haule schléift.“
Et kéint een dee Probleem net réng securitär ugoen, et bréicht een och sozial an urbanistesch Léisungen. Deeler vun der Gare wieren zum Beispill ganz ouni Luucht, dat géif sécher net hëllefen.
Och déi Lénk an der Stad hu sech an engem Communiqué en Donneschdeg de Moie géint d’Presenz vu private Sécherheetsbeamten an der Stad ausgeschwat. Dat wier en absolutten NO-Go.