NATIONAL – Privat Sécherheetsfirma an der Stad Vum Fanny Kinsch|Update: 27.11.2020 11:25
Et gouf vill Kritik vun der Oppositioun, der FGFC an dem zoustännege Minister fir den Asaz vun der privater Sécherheetsfirma am Drogen-Hotspot op der Gare.
Op der Stater Gare an an der Uewerstad sollen am Dezember an am Januar Agente vun enger privater Sécherheetsfirma Presenz weisen, dat huet den d’Stater Buergermeeschtesch RTL géintiwwer confirméiert.
Henri Kox net frou doriwwer, Lénk appreciéiere Positioun vum Policeminister
De Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox ass guer net frou. Dat wier net legal, esou de grénge Minister, a wier och weder mat him, nach mat der Generaldirektioun vun der Police ofgeschwat ginn.
„Ech kann et och net ënnerstëtzen, well d’Police déi eenzeg sinn, déi de Gewaltmonopol am Land hei ausüben. An dass dat mat enger ganz grousser Verantwortung zesummenhänkt. D’Police huet en Deontologiekodex am Rechtsstaat an deem si sech beweegen an dat kann nëmmen eng Police sinn. Si huet per Gesetz vun 2018 och nach eng Kéier gesot kritt, wéi se dat ausüben an dat ka keng Sécherheetsfirma maachen an dofir sinn ech och net dofir, dass eng Privatiséierung an deem Beräich kann entstoen.„
Déi Lénk felicitéieren dem Policeminister an engem Communiqué fir seng Positioun an fuerderen donieft den Henri Kox wéi och d’Inneministesch Taina Bofferding op, fir Drock op d’Gemeng ze maachen, dass dës Mesure réckgängeg gemaach gëtt, respektiv ee Verwaltungsriichter anzeschalten, fir dat ze verhënneren.
Polfer: Sécherheetsleit do, fir Strofdoten ze decouragéieren
D’Sécherheetssituatioun hätt sech an de leschte Méint an der Uewerstad an op der Stater Gare verschlechtert, esou d’Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer, an dat obwuel op der Gare 30 weider Policebeamten dobäi koumen.
„Mir sinn net de Chef vun der Police. Mir versiche wierklech esou gutt wéi méiglech mat hinnen ze schaffen, an ech kann och hir Aarbecht nëmme luewen. Mee wéi gesot och dat bescht Meedche kann nëmmen dat gi wat et huet, a si hunn nu mol net genuch Leit fir iwwerall do ze sinn, dofir dat hei ass einfach fir eben duerch eng präventiv Presenz ze versichen d’Situatioun e bëssen besser an de Grëff ze kréien.“
D’Agente vun der Sécherheetsfirma géifen d’Police net ersetzen, ma wieren dofir do, fir Strofdoten ze decouragéieren an de Leit e Sécherheetsgefill ze ginn, esou d’Lydie Polfer dozou. An der Uewerstad géif eng Ekipp an den Asaz kommen, op der Gare zwou, dat fir d’Méint Dezember a Januar
„Éischtens ass de Fait, datt mir mat private Sécherheetsfirme schaffen, keng Neiegkeet, mir maachen dat zanter Joren, zum Beispill am Park. A wann de Chrëschtmaart elo gewiescht wier, da wieren déi Leit och um Chrëschtmaart an an de Stroosse ronderëm gewiescht. Et ass awer kee Chrëschtmaart an d’Sécherheetssituatioun, esou wuel hei an der Uewerstad owes a virun allem op der Gare ass wierklech an deene leschte Méint net besser ginn, ganz au Contraire.“
D’Lydie Polfer kann d’Kritik vun der Oppositioun net novollzéien.
„Besonnesch eben och iwwert déi gréng Attitüd, hei ass engersäits näischt neits a gréng Buergermeeschteren hunn dat hei scho laang virgemaach.“
Wuel hätten d’Gemengen d’Méiglechkeet, am Kader vum Gesetz iwwert de Gardiennage vun 2002 mat Sécherheetsfirmen e Kontrakt ofzeschléissen, zum Beispill fir virun engem Gebai ze stoen, seet dozou de Policeminister, a fréiere grénge Buergermeeschter, Henri Kox, do géif et e gesetzleche Kader ginn, deen awer kloer Limite géif setzen.
„Mee alles wat mam Ordre public zesummenhänkt. Alles wat Interventioune kéinte si vun iergendengem privatem dobaussen, ass net legal. Dat kann nëmmen een Organ sinn an dat ass d’Police grand-ducale, déi d’Berechtegung dozou huet, déi Präventiounsmoosname ka maachen, déi ënnert der Opsiicht och vun der Justiz intervenéiere kann, an dat ass nëmmen een Organ an ech wäert och dofir suergen, dass et nëmmen een Organ ka sinn.“
D’Police hätt d’Uweisung kritt, net fir den Ordre public mat privaten Agenten zesummenzeschaffen.
Hie géing de Problem notamment wéinst dem Drogenhandel op der Gare ganz gutt verstoen, esou den Henri Kox. D’Police géif do ganz vill Efforte maachen an hätt rezent och Succèsen erziilt, ma dee Problem kréich een och net eleng duerch Repressioun geléist.
Et géif e Probleem mam Drogenhandel op der Strooss ginn, op deem Punkt sinn d’Oppositiounsparteien d’Accord. D’Engagéiere vun enger privater Sécherheetsfirma wier hei awer net d’Léisung. Et kéint net sinn, datt d’ëffentlech Gewalt privatiséiert gëtt, esou d’Christa Brömmel vun déi Gréng. Dat wier d’Aufgab vun der Police.
„Wann een elo fir d’Gare kuckt, da muss ee jo awer och zur Kenntnis huelen, datt do eng personell Opstockung stattfonnt huet, dat hat och seng Effeten. A mir fannen, dass et op deem Niveau soll weidergoen, an datt et net d’Léisung ka sinn, fir d’Rôle vun der Police ze privatiséieren. Dat ass fir eis net acceptabel, dat fanne mer wierklech ganz geféierlech.“
Där Meenung ass och de Gabriel Boisante, LSAP-Conseiller a selwer Geschäftsmann am Garer Quartier. Hie géing sech eng Rei Froe stellen iwwert d’Kontrakter vun deene Leit, an och iwwert hir legal Méiglechkeeten. Ma et géif een och riskéieren, déi Drogenofhängeg ze stigmatiséieren.
„Wat maachen se, fir déi Incitivitéiten fir déi Toxicomanen, déi an der Strooss als krank Leit, well Toxcomanie ass eng Krankheet, ass eppes wou mir als Gesellschaft mussen eppes maachen a Léisunge fannen. Natierlech causéiert dat Incivilitéiten, wann ee Moies mat senge Kanner aus sengem Appartement oder sengem Haus kënnt an et gesäit een d’Leit, déi sech gesprëtzt hunn an hirem Haule, dat ass net normal. Et ass net normal fir déi Leit, déi do wunnen, et ass awer och net normal fir déi Persoun, déi do an där Situatioun am Haule schléift.“
Et kéint een dee Probleem net reng securitär ugoen, et bréicht een och sozial an urbanistesch Léisungen. Deeler vun der Gare wieren zum Beispill ganz ouni Luucht, dat géif sécher net hëllefen.
Och déi Lénk an der Stad hu sech an engem Communiqué en Donneschdeg de Moie géint d’Presenz vu private Sécherheetsbeamten an der Stad ausgeschwat. Dat wier en absolutten No-Go.
ADR: Ënnerstëtzung fir Majoritéit
Ënnerstëtzung kritt d’Majoritéit vum adr-Gemengeconseiller Roy Reding. Et wier eng Faillite-Erklärung vun der Police, ma et wier gutt, dass de Schäfferot elo op déi Manéier géing duerchgräifen, esou de Roy Reding op Nofro hin.
Kritik och vu Piraten an FGFC
Als eng „staatlech Kapitulatioun virun den Erausfuerderungen um Terrain“ bezeechent d’Piratepartei dës Mesuren an engem Communiqué. Als Grond gesäit d’Partei de Faite, dass jorelaang net genuch an d’Police investéiert gouf.
Och d’FGFC, d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal schwätzt en Donneschdeg am Nomëtteg an engem Communiqué vun engem kloren No-Go a géif enger Bankrotterklärung gläichen.
Links
- RTL-News: Garer Quartier: Drogen-Hotspot fir zwee Méint duerch privat Sécherheetsfirma kontrolléiert
- PDF: De Communiqué vun Déi Lénk
- PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Ville de Luxembourg
- Communiqué vun der FGFC
- PDF: De Communiqué vun Déi Lénk un d’Ministere Kox a Bofferding
- Kritk u private Sécherheetsleit an der Stad / Fanny Kinsch