NATIONAL – Staatsbeamtegewerkschaft
RTL|Update: 01.12.2020 07:56

D’Gewerkschaft fuerdert eng Entrevue beim Premier, fir iwwer d’Rekrutéierungskrittäre beim Staat an d’Situatioun an der Stad ze schwätzen.
Der Staatsbeamtegewerkschaft geet et duer. Si fuerdert eng Entrevue mam Premierminister Xavier Bettel, deen an hiren Aen, Zitat „Privatiséierungstendenzen am ëffentlechen Déngscht“ soll en Enn setzen. D’CGFP kritiséiert, datt wärend der Corona-Pandemie ouni Dialog mat der Gewerkschaft an der Educatioun an am Sport am ganzen 3 Gesetzprojeten op den Instanzewee geschéckt goufen, an deenen d’Rekrutéierungskrittäre fir wichteg Poste beim Staat verwässert géinge ginn. Ma och wéinst der Decisioun vum Stater Schäfferot, eng privat Sécherheetsfirma z’engagéieren, fir am ëffentleche Raum Patrullen ze maachen, fuerdert d’CGFP, datt duerchgegraff gëtt. Hie géif sech och froen, wat deene Leit hir Aufgab sollt sinn, seet de CGFP-President Romain Wolff.
„Déi kënnen do hin an hir trëppelen, déi kënne sech do weisen an da war dat et effektiv och schonn. Wat natierlech schonn erstaunlech ass, datt déi elo op der ganzer Gare, respektiv och an der ganzer Uewerstad dat do sollte maachen. De Gewaltmonopol vun der ëffentlecher Muecht läit jo awer bei der Police an dofir gesi mir net an, firwat esou eppes wéi dat do sollt gemaach ginn, mir fannen dat äusserst geféierlech. Eis Zoustëmmung kritt dat op alle Fall net.“