NATIONAL – Procureur d’État
Vum Eric Ewald (Radio), Serge Pauly (Tëlee)|Update: 30.11.2020 17:28
Bei der Ausgangsspär wär d’Police vläicht méi intresséiert dorun, wat op der Voie publique geschitt, dass d’Leit sech do un d’Reegelen halen.
Am Kader vun der Covid-Kris huet d’Police bis ewell eng 17.000 Kontrollen hei am Land gemaach. Nom Akraafttriede vum neie Gesetz, viru 4 Deeg, war ënner anerem am Policebulletin vun e Sonndeg de Mëtten ze liesen, dass e Samschden de Mëtten an an der Nuecht op e Sonndeg op 3 Plazen am Land Protokoller geschriwwe goufen, well ze vill Leit bei Famill oder Frënn op Besuch waren.
Vum Gesetz hier ass et Polizisten, an Douanieren, déi och Kompetenzen an deem Sënn hunn, awer net erlaabt, fir an Haiser eranzegoen.
„Wa se also Saache selwer feststellen oder gemellt kréien, da kënne se eenzeg an eleng sech entweder op Aussoe vun den Noperen oder vun aneren Zeie beruffen, oder awer si kënne Lauerwache maachen, wéi een dat op lëtzebuergesch seet, wann déi Moyenen da gi sinn oder sollte gi sinn, fir der Saach bäizekommen. Mä fir an Haiser eranzegoen, ass net gesetzlech erlaabt!“
Dat huet de Stater Procureur d’État Georges Oswald e Méindeg de Moien am RTL-Interview betount. Wat d’Aarbecht vun der Police net méi einfach mécht.
Eng Police, mat där d’Justiz am enken Austausch ass, sou de Georges Oswald, eng Police awer och, déi eben net d’Moyenen huet, fir all Fall stonnelaang nozegoen:
„Fir ze kucken, wann dann do Kaméidi sollt sinn, oder Leit mengen, do wär een oder zwee Leit ze vill op Besuch, fir dat alles ze kontrolléieren, do muss een och natierlech d’Proportionalitéit vun dem Agräife vun der Police ofweie mat der Gravitéit vun der Infractioun.“
Bei der Ausgangsspär wär d’Police vläicht méi intresséiert dorun, wat op der Voie publique geschitt, dass d’Leit sech do un d’Reegelen halen. D’Police géif reegelméisseg Verstéiss géint d’Ausgangsspär feststellen, woubäi d’Justiz just déi Fäll matkrit, an deene Leit de Prinzip vun hirer Infractioun kontestéieren:
„Da gëtt e Procès-verbal en bonne et due forme, dee motivéiert muss sinn, mat enger Auditioun, eis erageschéckt. Där Fäll hu mer awer elo am Moment nach net souvill.“
Ënner anerem op der Stater Gare wäre Leit ugehale ginn, déi soten, si hätten näischt Falsches gemaach:
„Dir wësst jo, dass et Ausname gëtt zu der Ausgangsspär, déi dann dat geltend gemaach hunn, wat awer dann inhaltslos war, soudass d’Police do Protokoll erstallt huet, mä dat sinn der wierklech net ganz vill.“
Dem Procureur d’État aus der Stad no gëtt a sou engem Fall an enger 1. Phas e Protokoll geschriwwen, dee bannent 30 Deeg ka bezuelt ginn. Geschitt dat net, gëtt de Parquet mat der Affär befaasst. Sou wéi bei de fixe Radare kann d’Strof da verduebelt ginn, op 290 Euro, wougéint bannent 30 Deeg eng schrëftlech Reklamatioun kann eragereecht ginn. Wann näischt sou kënnt, ass déi Amende forfaitaire rechtskräfteg a gëtt vum Enregistrement agedriwwen. Wann allerdéngs eng Reklamatioun kënnt,…:
„…dann huele mir eng Decisioun um Parquet: Entweder klasséiere mer d’Affär, well mer mengen, d’Reklamatioun ass justifiéiert, oder mir schreiwen de Leit en Avertissement, well mer soen, ok, et war awer net sou schlëmm, kommt net méi sou erëm, oder awer mir zitéieren d’Affär an d’Sëtzung.“
Woubäi et am Zesummenhank mat der Ausgangsspär nach net zu Geriichtsaffäre komm wär!
Gëtt een iwwerdeems doheem protokolléiert, kann ee kontestéieren, eppes falsch gemaach ze hunn:
„Dann ass d’Police ugehalen ze schreiwen, e Procès-verbal, dee se dann un de Parquet schéckt, a mir aviséieren dann hei, wat fir Suitten dass mer ginn.“
Woubäi d’Leit, wéi de Georges Oswald bemierkt huet, hir Dier natierlech fräiwëlleg opmaachen an d’Police eraloosse kéinten.