PRESSE RTL.lu Henri Kox: 2 Sécherheetsbeamte op Patrull sinn net d’Léisung

NATIONAL – Stater Gare

RTL|Update: 01.12.2020 23:41

© Domingos Oliveira / RTL

Zanter en Dënschdeg patrulléieren op der Stater Gare Beamte vun enger privater Sécherheetsfirma.

Op der Plaz war de Pierre Jans, dee mam Minister fir bannescht Sécherheet op dës Situatioun awer och op d‘Situatioun zu Tréier gekuckt huet. An do präziséiert de Minister, datt keng Lëtzebuerger Beamten am Asaz sinn, well et sech ëm eng Eenzeldot ze handele schéngt. D’Beamte sinn awer mat hiren däitsche Kolleegen a Kontakt, falls si gebrauch sollte ginn, datt ee reagéiere kann.

De Minister fir bannescht Sécherheet iwwer d’Situatioun mat de private Sécherheetsleit op der Stater Gare.

Well vill Leit sech net méi sécher spieren, patrulléieren zanter en Dënschdeg 17 Auer privat Sécherheetsbeamten op der Gare. De Minister fënnt dat net gutt, versteet awer d’Suerge vun de Leit, déi an deem Quartier oder och an anere betraffenen Quartieren am Land wunnen. Ma grad op der Gare hätt ee jo méi Polizisten am Asaz an dat géif sech weisen, well een doduerch 60 Prozent méi aktiv Fäll entdeckt hätt.

Op der Gare ass d’Police en Deel vun der Léisung, well si kann de Problem net eleng léisen. Ma en aneren Deel wier hei awer d’Sozialaarbecht. Bis elo hat een hei am Land ëmmer déi politesch a juristesch Iddi, datt een d’Aarbecht vun der Police net un eng privat Entreprise weidergëtt.

De Minister gesäit awer och, datt et op der Gare an der Stad e Problem gëtt an dowéinst wier hien och op der Plaz an am Dialog mat der Stater Gemeng. D’Léisung sinn awer net 2 Leit, par Rapport vu 75 Polizisten, déi aktiv am Beräich vun der Gare ënnerwee sinn. Fir de Problem vum Hotspot vum Drogekonsum ze léisen, musse verschidde Ministèren an d’Stad Lëtzebuerg zesummeschaffen. De Problem vun den Drogen ass op der Gare awer méi opfälleg, well een hei eng Konzentratioun vun all de Strukturen huet, esou den Henri Kox, deem senger Meenung no een do eng Dezentraliséierung bräicht. D’Léisung wier awer net, den ëffentleche Raum duerch privat Patrullen ze sécheren. Ob d’Sécherheetsbeamte fortkommen, läit un der Gemeng, ma d’Police wäert  hir Presenz op der Gare weider verstäerken.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen