PRESSE RTL.lu Romain Wolff kritiséiert Regierung an déi aktuell Corona-Mesuren

NATIONAL – „Esou net“

En zimmleche rosene Commentaire huet de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft op Facebook geschriwwen.

Wat soll dat, dass d’Regierung virgëtt, et soll een Doheem bleiwen an de Commerce awer sonndes ophuet an och grouss Publicitéit dofir gemaach gëtt.

Wier et net besser, d’Grandes Surfacen emol an hiren Aktivitéiten kloer anzeschränken, freet sech de Romain Wolff.

De CGFP-President freet sech och, firwat den Horesca dann zou misst sinn, wou all Mesurë mat vill Opwand ëmgesat gi wieren.

An et wier och e Fakt, dass an de Schoulen an an de staatleche Verwaltungen ëmmer méi Leit a Quarantän wieren. Mä dat wier der Regierung wuel egal, reegt sech de Romain Wolff op, dee vun enger „affaire à suivre“ schwätzt an op e Méindeg verweist. Dann ass nämlech d’Conférence des comités vun der Staatsbeamtegewerkschaft beieneen.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen