PRESSE RTL.lu D’Police zitt ee positiven Tëschebilan vun hirer Recrutementscampagne

National – 800 Leit hu sech gemellt

Vum Mariette Zenners (Télé)|Update: 11.01.2021 19:38

Iwwert déi nächst 3 Joer solle jo 600 zousätzlech Polizisten an 240 Leit beim Zivil-Personal agestallt ginn.

Am Hierscht lo hu sech eng 800 Leit gemellt , déi lo als éischt hire Staatsexamen hu misse maachen a lo am Gaange sinn mat der Epreuve spéciale, fir an der Policeschoul opgeholl ze ginn.

Obschonn d’Ufuerderungen héich sinn, ass ee bei der Police awer zouversiichtlech, dass een déi néideg 200 Kandidate fir dëst Joer wäert fannen, wéi den Direkter vun de Ressources humaines bei der Police, de Francis Lutgen, erkläert.

 „Beim Sportstest ass et esou, dass mir am Summer d’Critère méi stramm gemaach hunn. Mir hunn d’Zäiten erofgesat. A mir stellen elo fest, dass esou ongeféier 15 Prozent et net packen. E genaue Bilan musse mir maachen, wann de Recrutement eriwwer ass. Mä och wa 15 Prozent et net packen, da muss een awer feststellen, dass 85 Prozent virukommen an ech denken do ass awer masseg Sputt, fir déi Plazen ze besetzen.“

D’Ausbildung, déi soss 3 Joer gedauert huet, dauert duerno nach 2 Joer, ee Joer eng theoretesch Formatioun an duerno eng praktesch Ausbildung um Terrain als Stagiäre. Ee Véierels vun de Persounen, déi sech gemellt hunn, si Fraen.

Vis-à-vis vun der Policedirektioun um Findel ass am Gaangen ee Gebai amenagéiert ze ginn, wou dann vun Abrëll dëst Joer un déi nei Policeschoul ënnerbruecht gëtt.

Op den 1. Januar ware geneeë 2.543 Leit bei der Lëtzebuerger Police agestallt

Och Policeschoul nees lancéiert

Zréck an d’Schoul huet de e Méindeg de Moien och an der Policeschoul geheescht. A Gruppen agedeelt, gëtt den Unterrecht rëm um Verluerekascht gemaach an et stoung richteg Protokoll schreiwen um Programm.

Eng 100 Jonker sinn den Ament an der Ausbildung fir Polizist, déi nächst Joren sollen der 200 pro Joer bäikommen, 800 hu sech wéi gesot am Hierscht fir déi fräi Plazen gemellt. Praktesch Course kënnen den Ament wéinst de Covid-Reegele keng ofgehale ginn, nom Staatsexamen ass jo de Sportstest – nieft Sproochen a psychologeschen Tester – een Deel vun der Epreuve spéciale, déi muss gepackt ginn, fir an d’Policeschoul. Nom éischte Joer Policeschoul geet de jonke Polizist dann direkt mat op den Terrain als Stagiaire.

Kandidaten, déi et dës Kéier net gepackt hunn, kënne sech nach emol mellen, fir dëst Joer gi jo nees 200 Rekrutte gesicht.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen