D’Police muss Aufgaben ofginn
Vum Claude Zeimetz|Update: 18.02.2021 08:51
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Policegewerkschaft SNPGL eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Stëmmung tëscht dem Policeminister Henri Kox an der gréisster Policegewerkschaft SNPGL ass weider gedréckt. De President vun der SNPGL, Pascal Ricquier war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Konkret reprochéiert d’Gewerkschaft dem Minister, ënnert anerem, dass hien Zuele publizéiert hätt, déi net richteg gewiescht wieren, notamment, wéi vill Leit um Terrain schaffen. Well si selwer vum Ministère keng Zuele kréichen, hätt d’Gewerkschaft déi selwer gesammelt. Ma rezent hätten hir Leit verbuede kritt, esou Donnéeë weider ze ginn. Wann dem Ministère seng Zuelen also richteg wieren, firwat dës dann net och einfach transparent weider ginn, freet ee sech bei der SNPGL.
Wat déi privat Sécherheetsfirma ugeet, déi aktuell op der Stater Gare patrulléiert, huet de President vun der SNPGL nach betount, dass ee sech do géif am Krees dréinen. Dat, well déi Sécherheetsleit selwer näischt dierften ënnerhuelen. Dee Moment géife si d’Police ruffen, woumat een erëm um Ufank vum Problem stéing, dat heescht, dass d’Police net genuch Zäit a Personal huet, fir sech ëm dës Affären ze këmmeren.
Fir géint de Personalmanktem virzegoen, proposéiert d’SNPGL iwwerdeems, dass d’Gefaangenentransporter kéinte vun de Giischtercher iwwerholl ginn, respektiv eng Rei Aufgabe vu Gemengenagente kéinte gemaach ginn.
Dem Pascal Ricquier no kéint dee Problem net geléist ginn, wa si keng Aufgaben ofginn. Eleng mam Rekrutement kréich een dat net an de Grëff.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu, op der App an am RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.