SPAL: Volontariat soll net op 5 Joer verlängert ginn
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
E Freideg de Moie war de President vun der Arméigewerkschaft eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Volontariat bei der Arméi soll op 5 Joer verlängert ginn. D’Arméigewerkschaft SPAL gesäit dat skeptesch. Et sollt ee bei 3 Joer bleiwen an de Leit dann d’Optioun gi fir ze verlängeren. Dat seet de SPAL-President Christian Schleck. Hie war e Friedeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Mat enger Dauer vu 5 Joer géing een d’Leit ofschrecken an et géing ee riskéiere fir Volontairë wärend der Ausbildung ze verléieren.
Leider wieren och keng finanziell Verbesserunge fir d’Volontariat am avant-projet de loi vum zoustännege Minister François Bausch virgesinn.
Parallel misst op alle Fall och méi an d’Fonctionnaires-Carrièrën C1 an C2 investéiert ginn, fir déi méi spezifesch Beruffer.
Hei géing een nach ëmmer op d’Arméisgesetz waarden. Mat deem missten d’Carrièrë bei der Arméi un déi vun der Police ugepasst ginn. E Problem wier de Moment nämlech deen, datt vill Arméileit en cours de route bei d’Police géinge wiesselen, well d’Carrières-Perspektiven do besser sinn.
Allgemeng géing et der Arméi u Leit feelen. De Problem léich net onbedéngt beim Rekrutement, ma en cours de route géingen ebe vill Leit verluer goen, dat aus verschiddene Grënn.
De Christian Schleck hätt virun enger Zäit solle versat gi vum fréiere Chef d’état major Alain Duschène, wat um Enn net geschitt ass. De Christian Schleck war deemools der Meenung, datt et d’Zil wier, hien a senger gewerkschaftlecher Aarbecht ze behënneren. Déi geriichtlech Prozedure géingen nach lafen, sou de SPAL-President, dofir kéint hien dat Ganzt à ce stade net weider kommentéieren. Mam neie chef d’état major Steve Thull wier d’Relatioun iwwerdeems gutt.