National – Kënnt et zum Prozess?
Vum Diana Hoffmann|Update: 12.04.2021 13:11

Et muss nach ofgewaart ginn, wat d’Appellsriichter decidéieren, fir definitiv ze wëssen, ob de Polizist da lo e Prozess gemaach kritt oder net.
3 Joer no den déidleche Schëss zu Bouneweg vun engem Polizist op en Autosfuerer ass et nach ëmmer net zu engem Prozess komm. Ugangs Februar gouf decidéiert, dass de Polizist e Prozess virun der Chambre criminelle wéinst Doudschlag gemaach soll kréien. D’Verdeedegung vum Polizist ass géint dës Decisioun an Appell gaangen.
Den 11. Abrëll 2018 géint 16 Auer huet sech e Mann zu Bouneweg um Dernier Sol enger Policekontroll entzunn. A sengem schwaarze Mercedes war hie vun enger Patrulle geflücht. Op enger Kräizung, net wäit vun der Kierch ewech, hat sech him awer e Polizist an de Wee gestallt an ëm e Stoppzeeche gewisen. Doropshi soll den Auto kuerz gestoppt gi sinn, ier e mat Vollgas op de Beamten duergesteiert gouf. De Polizist huet seng Déngschtwaff gezunn, an den 51 Joer ale Chauffeur getraff, dee spéider an der Klinik gestuerwen ass.
Dräi Joer sinn dës Faite lo hier. An dëser Zäit gouf och en Rekonstitutioun vum Virfall op der Plaz gemaach. Mëttlerweil huet de Juge d’instruction Enn zejoert seng Aarbecht an deem Fall ofgeschloss. Doropshin hat de Parquet gefrot, datt géing virun der Chambre criminelle e Prozess géint de Polizist gefouert ginn, an der Haaptsaach wéinst Doudschlag. Ugangs Februar huet dat zoustännegt Geriicht dunn entscheet, datt de Mann géing tatsächlech virun d’Chambre criminelle kommen. Mat dëser Decisioun war d’Verdeedegung vum Polizist awer net zefridden, an ass an Appell gaangen.
Et muss deemno ofgewaart ginn, wat d’Appellsriichter decidéieren, fir definitiv ze wëssen, ob de Mann da lo e Prozess gemaach kritt oder net. Ma et gëllt weiderhi selbstverständlech d’Onscholdsvermutung.