PRESSE RTL.lu CGFP: Systemrelevant Beruffsgruppe musse prioritär geimpft ginn

NATIONAL – Kritik u Regierung RTL|Update: 26.04.2021 11:40

RTL
© AFP

An där Hisiicht schwätz d’Staatsbeamtegewerkschaft vun engem „komesche“ Point de Vue vum Xavier Bettel, dee juristesch an ethesch bedenklech wier.

An der Regierung sinn d’Ministere sech wéi et schléngt net Eens iwwert d’Ausriichtung vun der Impfcampagne. Dat schreift d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP e Méindeg de Moien an engem Communiqué. Et wier hir erugedroe ginn, datt ënnert anerem den Educatiounsminister Claude Meisch an de Policeminister Henri Kox sech fir eng prioritär Impfung vun de Polizisten, respektiv vun den Enseignanten agesat hätten.

Si konnte sech awer mat hire Fuerderungen net duerchsetzen, sou d’CGFP, déi op d’Ausso vum Premier e Freideg opmierksam mécht, dee sot, d’Prioriséierung vu Beruffsgruppe wier vum Dësch. D’CGFP schwätzt vun engem „komesche“ Point de Vue vum Xavier Bettel, dee souwuel juristesch ewéi ethesch bedenklech wier. A se schwätz vun engem „Affront“ eleng dowéinst, well all Dag Staatsbeamten ënner deels schwierege Konditioune Gesondheet op d’Spill setzen, sou d’Staatsbeamtegewerkschaft.

Den 3. Mee huet d’CGFP eng Entrevue mat de Ministere Bettel, Lenert an Hansen a wëll vun der Occasioun profitéieren, fir nach emol hir Fuerderungen op den Dësch leeën.

PDF: De Communiqué vun der CGFP

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen