PRESSE RTL.lu Buergermeeschtesch fuerdert méi Policepresenz, Minister Henri Kox relativéiert

National – Sécherheet an der Stad RTL|Update: 28.04.2021 12:07

RTL
© RTL Archiv

Dagdeeglech géif et an der Stad zu Déifställ kommen, an d’Situatioun wier beonrouegend, esou d’Lydie Polfer um traditionelle Stater CityBreakfast.

„Mir brauche méi Policepresenz an der Stad Lëtzebuerg“. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien um CityBreakfast betount, op deem d’Sécherheet ee vun den Haaptsujete war.

Dagdeeglech géif et an de Stroossen an der Stad zu brutalen Déifställ kommen an d’Situatioun wier beonrouegend. D’Lydie Polfer huet an deem Kontext e Bréif un de Policeminister Kox adresséiert, an deem si nieft méi Policepresenz och eng verstäerkte Video-Iwwerwaachung fuerdert.

An de leschte 5 Deeg zum Beispill hätten et der Stater Buergermeeschtesch no 10 Fäll ginn, wou eng Persoun op brutal Manéier entweder eng Auer geklaut oder eng Kette vum Hals gerappt krut. Aus deem Grond huet d’Lydie Polfer en Dënschdeg e Bréif un de Policeminister Henri Kox geschéckt: „Wou ech wierklech froen, datt e soll intervenéieren, fir datt op reegelméisseg Manéier Patrullen zirkuléieren an an de Foussgängerzonen zu Fouss.

Och d’Kamera-Iwwerwaachung soll der Buergermeeschtesch no verstäerkt an der Stad Lëtzebuerg agesat ginn: „Dat gëtt engem d’Méiglechkeet, fir ze gesinn a festzehalen, wéi eng Leit hei sech op de Wee vu Strofdote beginn an d’Chance méi grouss ze maachen, fir se och ze faassen.

D’Buergermeeschtesch freet dann och wou de Rapport vum interministerielle Grupp drun ass an deem festgehale soll gi wéi een d’Situatioun verbessere kann: „Grad wéi wou ass de Projet de Loi drun a wéini gëtt en deposéiert, deen der Police d’Méiglechkeete gëtt z’intervenéieren, wann Agäng vun Haiser besat sinn, déi fir d’Leit, déi an den Haiser wunnen, eng Gefor duerstellen.

Am Bréif un den zoustännege Minister ass dann och d’Situatioun op der Kinnekswiss e Sujet. Do goufen et jo an der lescht ëmmer erëm grouss Rassemblementer, déi zum Deel och a Massekläppereien ausgeaart sinn. D’Lydie Polfer mengt, datt eng verstäerkt Policepresenz esou Situatioune vläicht verhënnere kéint. Wat d’Sécherheetsbeamte betrëfft, déi op der Gare am Asaz sinn, huet d’Buergermeeschtesch präziséiert, datt nei Kontrakter mat enger Sécherheetsfirma ofgeschloss goufen, déi vum 15. Mee u fir 6 Méint lafen.

Reaktioun vum Henri Kox

De Policeminister Henri Kox huet dann och reagéiert op d’Aussoe vun der Buergermeeschtesch a relativéiert. Wat d’Déifställ ugeet, seet den zoustännege Minister, datt dat e Phänomen ass, wat een ëmmer erëm a Groussstied gesäit, wa vill Leit beienee sinn. Déi lescht Deeg a Weekender wieren och wiederbedéngt méi Leit ënnerwee gewiescht, mee och d’Police wier present gewiescht an hätt eng Partie vun den Täter kënne stellen. D’Police judiciare wier an deem Kontext och verstäerkt am Asaz. Dem Henri Kox no dierften esou eenzel Fäll awer net generaliséiert ginn.

Wat d’Kinnekswiss betrëfft, betount de Policeminister, datt een och net op all Eck e Beamte stelle kann an datt, wann een déi Jonk vun do verdreiwe géing, se eng aner Plaz fannen. Souwuel op der Kinnekswiss wéi och um Glacis wieren iwwerdeems Kameraen installéiert, wat weise géif, datt och déi keng absolut Léisung wieren.

Den Henri Kox huet nach betount, datt dat Ganzt onopgereegt analyséiert misst ginn, datt awer net eleng d’Police gefuerdert wier, mee Preventiounsaarbecht och vun aneren Acteuren néideg wier

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen