NATIONAL – Verschidde Beruffsgruppe prioritär impfen
Vum Dany Rasqué (Radio), Raphaëlle Dickes (Télé)|Update: 03.05.2021 22:04|
Zënter Woche fuerdert d’Staatsbeamtegewerkschaft, datt verschidde Beruffsgruppen aus dem ëffentlechen Déngscht prioritär bei der Impfung behandelt ginn.
Dat, well si duerch méi Kontakter méi en héije Risiko hätten, fir sech mat Covid-19 unzestiechen a well dës Leit net vun doheem aus kéinte schaffen. Elo gëtt et eng Ouverture bei der Regierung.
D’Staatsbeamtegewerkschaft hat e Méindeg eng digital Entrevue mam Premier Xavier Bettel, mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert a mam Marc Hansen, dem Minister vum ëffentlechen Déngscht, an do ass ee sech iwwert de Prinzip vun enger Prioriséierung eens ginn, allerdéngs ënnert zwou Viraussetzungen.
Dat eent ass e positiven Avis vum nationalen Ethikrot, dat anert ass, datt all d’Leit iwwer 45 Joer geimpft sinn.
D’Staatsbeamtegewerkschaft ënnersträicht, datt si net novollzéie kann, datt schonn d’Majoritéit vun de Leit beim CGDIS geimpft ass, datt zum Beispill d’Léierpersonal, d’Police, d’Magistratur an en Deel vun de Leit, déi am Prisong schaffen, weider op de Vaccin musse waarden.
De Premier Xavier Bettel hat gesot, datt eng Prioriséierung duerch déi fräiwëlleg AstraZeneca-Lëscht net méi néideg wier. Dat huet d’Staatsbeamtegewerkschaft awer net gëlle gelooss. De Generalsekretär Steve Heiliger sot, et hätt ee sech virun allem un zwee Aspekter gestéiert.
Steve Heiliger: „Zum enge wësse mer, datt beim AstraZeneca déi zweet Impfung vill méi spéit gemaach gëtt wéi bei deenen anere Vaccinen. Dat heescht, et dauert vill méi laang, bis ee ganz geschützt ass. Dat zweet ass, op där fräiwëlleger Lëscht kënne Leit sech androe vu 54 Joer bis erof op 30 Joer. An deene Beruffsgruppen, déi mir viséieren, hu mer awer och vill Leit tëschent 20 an 30 Joer. Déi wieren deen Ament jo ausgeschloss a kéinten net dovunner profitéieren.“
D’CGFP hätt nawell gäre gehat, wann ee sech eraus siche kann, wéi en Impfstoff, datt ee gesprëtzt kritt. Op deem Punkt krut d’Staatsbeamtegewerkschaft awer keng Satisfaktioun.
De President Romain Wolff: „Et si ganz vill Leit, déi si jo awer elo skeptesch ginn iwwert déi Informatiounen, déi se vläicht iwwert deen een oder anere Vaccin kritt hunn, déi loosse sech vläicht ofhalen, fir sech iwwerhaapt impfen ze loossen. Dat ass awer net de Wee. Et soll ee sech jo eigentlech impfe loossen. Wann een d’Méiglechkeet gehat hätt, fir sech säi Vaccin erauszesichen, dat hätt warscheinlech dozou bäigedroen, datt déi Skepsis géif noloossen, mä mir hunn awer och gesot kritt, dat wier an engem Idealfall a mir sinn net an engem Idealfall. Dofir ass dat den Ament net méiglech, obschonn dat an anere Länner gutt fonctionéiert.“
Kee Versteesdemech huet d’CGFP dofir, datt Pensionären, déi am Grenzgebitt wunnen, net bei der Impfcampagne berécksiichtegt ginn.
„Et si Leit, déi nach ëmmer an de Lëtzebuerger Sozialsystem, d’Sécurité sociale, abezuelen. Si hunn dat och hiert Liewe laang gemaach a mir waren der Meenung, datt déi Leit dann och sollten d’Méiglechkeet kréien, zu Lëtzebuerg geimpft ze ginn. Ech muss Iech awer éierlech soen, datt mer grad op deem dote Punkt keng grouss Avancë gemaach hunn.“
Wat méiglech Privileegien betrëfft fir déi Leit, déi scho geimpft sinn, ass d’CGFP ganz kritesch. Si fäert, datt doduerch déi sozial Ongerechtegkeeten kéinte méi grouss ginn.