National – Stad Lëtzebuerg RTL|Update: 07.05.2021 10:05

D’Police ass extrem aktiv, mä kann dat net eleng maachen, sot e Freideg de Moien de Policeminister Henri Kox.
Hie war Invité am Journal an huet op d’Kriticken, speziell vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, un der Sécherheetssituatioun op der Gare reagéiert.
Hien huet widderholl, datt och Sozialaarbecht a Preventioun musse geschéien. Virun engem Joer hätt een dat scho gesot an dat wär och esou an enger Note interministérielle festgehalen. E Consultatiounsdebat soll et an der Chamber ginn, awer net nëmmen iwwer d’Policeaarbecht.
D’Police wär aktiv, mat 220 Verhaftungen an de leschten 3 Joer.
D’Kriminalitéit an der Stad géif zréck goen, dat géifen d’Chiffere weisen. Déi lescht 4 Méint goufen et 60 Affäre vu vol mat violence. 2017 waren et der nach 120. Am Abrëll goufen et iwwerdeems 12 Interpellatiounen an 2 Verhaftungen.
Dann ass jo geplangt, datt d’Police kann intervenéieren, wann Entréeë vun Haiser blockéiert sinn. Am Regierungsrot hätt een decidéiert, dozou nach en Avis vum Staatsrot ze froen.
Preventioun wär ganz wichteg, ënnersträicht de grénge Minister Kox, speziell och am Ëmgang mat de Jonken, zum Beispill op der Kinnekswiss. Déi Jonk wäre vun der Pandemie ganz haart getraff. Do géif d’Police ganz virsiichteg ëmgoen. Dowéinst wär et och net zu Gewalt komm, wéi dat deels am Ausland virkomm ass.