NATIONAL Limitatioun vun der Pressefräiheet?
RTL|Update: 07.06.2021 19:08

Datt eng Porte-parole aus dem Ministère vun der bannenzegster Sécherheet verlaangt hat, datt sollt e Presse-Artikel zeréckgezunn ginn, ass dem Minister Kox no „onglécklech a net geschéckt“ gewiescht. Hannergrond war eng formell Ufro vun der Porte-parole vum grénge Policeminister un d’Redaktioun vun der Online-News-Plattform Reporter, datt sollt en Artikel iwwert d’Policereform an intern Reklassementer vum Site geholl ginn. Dëse „Fait“ war och e Sonndeg am RTL-Presseclub thematiséiert ginn.
Wéi den Henri Kox a senger Äntwert op zwou urgent parlamentaresch Froe vun CSV an ADR äntwert, wier et op kee Fall d’Intentioun gewiescht, d’Pressefräiheet ze limitéieren oder den Artikel vun der Reporter-Journalistin ze zenséieren. Wann dëst esou eriwwer komm wier, da géif sech offiziell duerfir entschëllegt ginn.
Ernimmt gëtt an dëser Äntwert vum Minister, datt et am viséierten Artikel 12 Fakten a Passagë ginn hätt, déi faktesch net der Wourecht entsprach hätten; duerfir och d’Fro no engem Dementi, respektiv eben d’Demande, den Artikel ganz zeréckzezéien.
Am Äntwert-Schreiwes vum Minister Kox heescht et iwwerdeems och, datt d’Porte-parole selwer d’Initiativ geholl hätt, fir bei der Reporter-Redaktioun z’intervenéieren. Deemno wier net op Instruktioun vum Minister selwer gehandelt ginn.