Pàrp-Problematik Newsletter SNPGL 06.07.2021

Léif Kolleginnen a Kollegen,

 De Conseil d’administration vum SNPGL wëll Iech heimat doriwwer informéieren, dass mir an der leideger Pàrp-Problematik keen anerere Wee méi gesinn, wéi ee Litige beim Conciliateur ze lancéieren, fir eng gerecht Léisung ze fannen. Et ass seit Joren gewosst, dass des Problematik op d’Police duerkomme géif, mee d’Leader vun der Police hunn et bis elo net färdech bruecht eng akzeptabel a gerecht Léisung op den Dësch ze léen. Nodeems jorelang näischt am Dossier geschitt ass, kommen Proposen vun der Direction générale vun der Police, déi d’Strooss vu vir bis hannen net hale kënnen. Et gëtt an der Problematik weder een konstruktiven Dialog mat de Personalvertiedungen, deen dësen Numm verdenge géif, nach kréie mir Äntwerten op konkret Froën, déi mir stellen. An zig Réuniounen, suwuel mat den administrativen Verantwortlechen, wéi och de politeschen Entscheeder, wou mir de Problem ugeschwat hunn, si mir ëmmer nëmme vertréischt ginn. Ee konkrete Wëllen, notamment vun eiser Generaldirektioun, den Dossier mat de Personalvertriedungen zesummen unzegoën, fir eng gerecht Léisung ze sichen, ass fir eis leider net ze erkennen.  

 Vill vun Iech iwwerhuele seit Joren Responsabilité particulière op hirem Posten, op offiziell als Chef oder Chef adjoint genannt oder net, ouni dass hinnen di entspriechend pécuniär Vergütung bezuelt géif.

 Et éiert Iech all, dass Dir trotz dem Ëmstand, dass Dir di Responsabilité particulière aktuell net bezuelt kritt, déi Arbecht am Intérêt vun de Bierger an der Missioun vun der Police weidermacht. Dofir eisen déiwe Respekt.   

 Mee, dat kann net sou weidergoën.

 Bei der aktueller Propose déi d’Generaldirektioun ënnerbreed huet, géif de gréissten Deel vun de Leit, déi um Posten vun engem Chef adjoint sinn, an Zukunft net méi als Pàrp betruecht ginn. Domat hätten all déi Kollege keen Usproch op eng Majoration d’échelon. Ee klengen Deel vun de Posten vum Chef adjoint, géif an Zukunft weiderhinn als Pàrp betruecht. Wann ee bedenkt, dass als Chef adjoint, bei gleicher Arbecht, gleicher Responsabilitéit, gleicher Fiche de poste, di Eng Urecht op Majoration d’échelon hätten, an di Aner net, an dass et der „Aner“ och nach vill méi gëtt, verstidd Dir secher, dass eng Personalvertriedung domat kaum averstane si kann. Vun de Leit, déi ee Posten als Chef hunn, wier eigentlech jiddereen „parpabel“. Allerdengs kritt och do net jiddereen eng Majoration d’échelon. Wéini déi Leit an de Gonoss dovu komme géifen, steet an de Stären.

 Den Dossier ass komplizéiert, dat ass gewosst. Mee et brengt näischt de Kapp an de Sand ze stiechen, an lo „mordikus“ mat verkorkste Prinzipien derduerch ze wëllen. Dee wou bei dëser Lëscht net dobei ass, huet méi wi wahrscheinlech di berühmten A-Kaart. Dat weist, dass all eenzelene Fall wichteg ass, an eng Personalvertriedung ka sech dofir net drop beschränken, sou wéi et vun der Generaldirektioun ëmmer rem gefrot gëtt, eng generell oder iwerflächlech Analyse zu de proposéierte Prinzipien ze machen.

 Den SNPGL setzt sech vehement dofir an, dass kee méi, deen op egal wéi engem Posten eng Responsabilité particulière iwwerhëllt, dat mecht ouni dofir entspriechend bezuelt ze ginn. Natirlech mussen déi Majoration d’échelon oder aner Vergütungen, déi Dir ze gudd hudd, rëckwierkend op den 1. Januar 2020 ausbezuelt ginn. Fir d’Kollegen aus dem C2 misst dat suguer rëckwierkend op den 1. Oktober 2015 sinn, mee dat huet eis Generaldiektioun scho propper verbockt, well net virugemach gouf. Wann di 15 % Pàrp-Posten, déi d‘Gesetz maximal virgeseit net duerginn, da muss déi Limite fir d’Police eben ugepasst ginn. Wann dat net méiglech wier, da mussen aner Léisungen gesicht ginn, déi wahrscheinlech doranner bestinn, dass di strukturell Organisatioun vun der Police sou emgeännert muss ginn, dass se op di Limite vu 15 % passt. Wann dat d’Entscheedung vun der Politik ass, dann ass den SNPGL gäre bereet sech an d’Ausarbechtung vu sou enger Léisung anzebrengen. Dass dat net vun haut op muer goë géif, ass eis bewosst. Dofir hu mir zesumme mat der ADESP eng Iwwergangsléisung ausgeschafft, mat der een dat Zil a 5 Joër erreeche kéint.  

 Des Iwwergangsléisung sollt secherstellen, dass an den nächste 5 Joër jiddereen deen aktuell eng Responsabilité particulière dréit, déi bezuelt kritt bis en a Pensioun geet. Mat de Pensiounsofgäng misst dann och Schrëtt fir Schrëtt eng nei Struktur en place gesat ginn. D’Zil soll sinn, dass an Zukunft jidderee weess, wann ee Posten ausgeschiwwe gëtt, op dat ee Pàrp-Posten an de gesetzleche Limiten ass, oder net, a jiddereen, deen an Zukunft sou ee Pàrp-Posten kritt, soll och direkt vun der Majoration d’échelon profitéiere kennen, déi do drun hänkt. Eng Grondviraussetzung fir all Léisung ass eng kohärent, éierlech a gerecht Personalpolitik. Och dovu si mir an der Police wuel leider Lichtjoren ewech. Mee, den SNPGL schafft drun, dass et besser gëtt.

 En annexe fannt dier den Bréif, wéi en un eisen Minister verscheckt gouf. 

Mat gewerkschaftleche Gréiss,

Äre Comité vum SNPGL

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen