National- Parlamentaresch Fro
RTL|Update: 12.07.2021 12:18

© Image by Police Luxembourg / Facebook
En Dënschdeg ass an der Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwert d’Drogekriminalitéit.
Dobäi wäert sécher och nees rieds goen iwwer d’Sécherheet op der Stater Gare. D’Fro stellt sech dann och nom Effectif vun der Police a wéi dësen zanter der Fusioun vu Police a Gendarmerie virun 20 Joer evoluéiert huet.
Wéi d’Corpsen am Joer 2000 zesummegeluecht goufen, goufe ronn 1.300 Poliziste gezielt. Aktuell sinn et der bal duebel sou vill, fir genee ze sinn, ronn 2.550 Leit.
Parallel, datt méi Polizisten agestallt goufen, ass awer och d’Populatioun am Land bannent de leschten 2 Joerzéngten ëm 44% konsequent an d’Luucht gaangen.
Mat der neier Rekrutementscampagne fir d’Police solle bannent den nächste 4 Joer eng 700 Policebeamten an 240 Zivilisten agestallt ginn.