National- Parlamentaresch Fro
RTL|Update: 19.07.2021 15:26

Et si Chifferen, déi ze bedenke ginn. Zejoert gouf et bal 50 Fäll vu Rebellioun, bei deenen 20 Polizisten hu missen an ee Krankeschäin.
2019 waren et 76 Fäll mat 43 Krankeschäiner. Dat geet aus der Äntwert vum Ressort-Minister Henri Kox op eng parlamentaresch Fro ervir. Do gëtt een och gewuer, dass den Asaz vu Body-Cams nach net vum Dësch ass.