National- Äntwert op parlamentaresch Fro
RTL|Update: 21.07.2021 09:10

Deemno goufen et 2012 ronn 1.200 esou Delikter, 2016 waren et der ronn 4.000 an zejoert waren et der scho ronn 4.600.
Zu den 3 verschiddenen Delikter, déi mat Drogen ze dinn hunn a wou d’Police aktiv gëtt, zielt d’Dealen, d’Huele vun Drogen an de Besëtz vun net-erlaabte Substanzen. Dëst äntwert de grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Nathalie Oberweis vun déi Lénk.
Dem Henri Kox no géif et awer net stëmmen, datt d’Beamte speziell Instruktiounen oder Consignë kritt hätten, fir d’Interpellatiounen am Drogemilieu eropzeschrauwen.
All Beamten hätt souwisou d’Obligatioun, fir all Infraktioune géint d’Gesetzer nozegoen an ze mellen.
De Minister Kox preziséiert awer och, datt aktuell d’Zuel vun de Policepatrullen op der Stater Gare an zu Bouneweg eropgesat gi wieren, trotz allem kéint d’Police eleng dem Sécherheetsproblem net Meeschter ginn.