PRESSE Radio 100,7 Presuméierten Täter stierft no Schëss vun der Police

01. Aug 2021 – 11:22

Zu Ettelbréck huet d’Police gëschter Owend e presuméierten Täter erschoss. Ier et zu de Schëss koum, hätt de Mann d’Poliziste mat engem Messer attackéiert, esou de Parquet. D’IGP gouf mat enger Enquête befaasst.

Police

Wärend enger Police-Interventioun gëschter Owend gouf eng Persoun zu Ettelbréck vun der Police ugeschoss. D’Persoun ass gëschter Owend nach am Spidol un hire Blessure gestuerwen, deelt de Parquet an engem Communiqué mat.

Presuméierten Täter war op der Flucht

De presuméierten Täter wier op der Flucht gewiescht, nodeems hien zu Housen e Mann mat engem Messer menacéiert gehat hätt fir dem Mann säin Auto ze klauen. D’Police hätt de concernéierten Auto kënnen zu Ettelbréck stoppen.

De Chauffer wier aus dem Auto geklommen an hätt d’Polizisten mat engem Messer attackéiert. Deen Ament hätt ee vun de Poliziste mat senger Waff op de Mann geschoss, heescht et am Communiqué.

Enquête vu Justiz an IGP

Den Untersuchungsriichter vun Dikrech an de Parquet vun Dikrech waren op d’Plaz, eng Instruktioun gouf an d’Weeër geleet, D’IGP, d’General-Inspektioun vun der Police, gouf och mat enger Enquête befaasst fir d’Verhale vun der Police z’ënnersichen.

De Moie sinn op de sozialen Reseaue Videoen zirkuléiert, déi zu Ettelbréck sollen opgeholl gi sinn, an op deene Schëss ze héiere sinn.

Source 100komm7.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen