PRESSE RTL.lu Wittfra vum Polizist vu Lausduer fillt sech eleng gelooss

NATIONAL – Hëllef fir déi Hannerbliwwen

Vum Ryck Thill, Diana Hoffmann|Update: 11.08.2021 09:18

Kaum ee kennt d’Bild vun den 2 futtisse Policeautoen zu Lausduer net.

3 an en Halleft Joer ass et hier, zanter et bei enger Course-Poursuite zu dësem schwéieren Accident komm ass. Ee Polizist ass nach op der Plaz gestuerwen, eng Polizistin gouf schwéier blesséiert.

Viru 4 Méint hat de Parquet matgedeelt, dass et geschwënn zu engem Prozess komme soll, fir d‘Scholdfro ze klären. D’Affär Lausduer werft awer och nach weider Froen op, besonnesch ëm d’Betreiung vun den Hannerbliwwenen. „Et probéiert ee sech lues a lues un d‘Liewen eleng ze gewinnen, och wann et schwiereg ass“, seet d’Sandra Reiland, Wittfra vum Frank, dem Polizist, deen am Accident gestuerwen ass.

Ma wierklech Fridde ka si net schléissen, si fillt sech am Stach gelooss vun deene Leit, vun deene gesot ginn ass, si wiere wéi eng Famill: D’Police als grouss Famill. Weder d’Police-Direktioun nach den zoustännege Minister oder soss en hierarchesche Superieur hätt sech bis elo gekëmmert.

Zënter dem Doud vun hirem Mann de 14. Abrëll 2018 krut d’Fra keng Ënnerstëtzung vun offizieller Säit. Just d’Famillje vun deenen aner an den Accident verwéckelte Poliziste ware sech géigesäiteg eng Stäip. Wou d’Noriicht vum Doud vun hirem Mann d’Sandra Reiland erreecht huet, war e Psycholog mat dobäi. Dono gouf et vun dësem awer keng Nofro méi. Wat et géing bedeiten, sech vun enger Persoun ze verabschiden, un där eng Autopsie gemaach gouf, och dorobber gouf si net virbereet.

Gewënscht hätt d’Wittfra sech einfach, dass een nogefrot hätt. Net vill. Wéi et hir géing goen. Ma och, datt hir mat méi komplexe Sujete wéi der Wittfraerent géing weidergehollef ginn.

Si war der Meenung, dat géing alles säi richtege Wee goen. Bis si dorop higewise ginn ass, dass méiglecherweis eppes um Montant net géing stëmmen. Si krut gesot, et géing sech an dësem Fall  ëm en Accident de Travail provisoire handelen, an net ëm en normalen Accident de Travail. “Wat soll dat da sinn”, freet si ongleeweg. D’Poliziste wiere jo net zum Spaass do ënnerwee gewiescht.

Elo misst fir d’éischt nach d’Scholdfro gekläert ginn, also wien wéi vill Schold um Accident hat. D’Beamtegewerkschaft CGFP huet sech dem Fall ugeholl.

“Et ass traureg, dass ee mat allem esou eleng dosteet”, seet d’Sandra Reiland. Si hofft, dass e Service géing bei der Police agefouert ginn, bei deem an esou dramatesche Fäll déi Hannerbliwwen ënnerstëtzt ginn. E Service, wéi et e bei der Arméi jo och géing ginn.

Eng grouss Enttäuschung fir d’Wittfra war och, dass 2019 decidéiert gi war, hire Mann kéint net posthum um Nationalfeierdag geéiert ginn. Wat awer dacks no Accidenter am Déngscht de Fall ass.

2 Woche virum Evenement krut si en Telefon, wou gesot gouf: “Äre Mann kann een net éieren”.  D’Argument war, datt de Prozess nach net ofgeschloss wier.

Onverständlech fir d’Wittfra, well hire Mann ass jo am Déngscht fir d’Land gestuerwen.

D’Scholdfro ass fir d’Sandra Reiland iwwerdeems zweetrangeg. “Et si vill Ëmstänn, déi zu deem trageschen Accident gefouert hätten”, seet si.

Jiddereen huet wuel iergendeppes falsch gemaach. Wat passéiert ass, doriwwer kéint si net urteelen. Si huet sech un Ëffentlechkeet geriicht, well si hofft, dass an Zukunft, wann esou Saache geschéien, keen esou eleng muss dostoen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen