Dir hutt D’Wuert RTL|Update: 09.09.2021 07:42

E Freideg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.
„Mir loossen d’Kriminalitéit net zum Alldag ginn“, esou de Policeminister Henri Kox um Freideg de Moien an onser Emissioun „Dir hutt d’Wuert“. Vill Leit hate sech bei eis gemellt, dorënner eng Fra, där hir Duechter am Stater Garer Quartier iwwerfall gouf, mam Messer gedreet an den Handy geklaut krut. Wat revolant wier, wier datt näischt géing geschéien. Den Henri Kox sot ganz kloer „dat ass mir net egal“.
Zanter Jore géingen hien a seng Virgänger als Policeministeren méi Poliziste rekrutéieren. Och wann d’Leit sech méi Police ze Fouss wënscht, sou huet de Minister op vill Undercover Aktivitéit vun der Police judiciaire verwisen, déi een eben awer net gesäit. Wat déi Verbriecher ugeet, déi an enger Asylprozedur sinn, dozou sot de Policeminister et wier dem Ausseminister säi Ressort, mä hien huet och erkläert, datt aktuell wéinst der Pandemie Ofweisunge méi komplizéiert wieren.
E puer Nolauschterer hunn um Freideg de Moien dann och méi streng Strofen oder iwwerhaapt Strofe verlaangt, fir Krimineller ze decouragéieren. Dozou sot den Henri Kox hie wier frou an engem Land ze sinn, wou et net um Minister ass ze jugéieren ob ee méi oder manner bestrooft gëtt. Et wier un der Justiz ze tranchéieren an et wier esou, datt een, bis een ugeklot ass, een och Rechter huet. Iwwert méi streng Gesetzer op Basis vun deenen d’Riichter géinge jugéieren, huet den Henri Kox näischt gesot.
De Policeminister bleift och dobäi, datt een eng Gesamtstrategie bräicht, fir d’Kriminalitéit z’ënnerbannen: Repressioun eleng géing net duergoen. Den Henri Kox huet seng Annonce widderholl, datt Enn Oktober e Mesurëpak duerch de Regierungsrot géing goen an duerno der Ëffentlechkeet presentéiert ginn. Och wat d’Kameraiwweraachung ugeet, géing elo op Basis vum neie Gesetz gekuckt ginn, wéi a wou se agesat soll ginn.
Links
- RTL-Artikel: Video zirkuléiert op soziale Medien: Hond vu privater Sécherheetsfirma blesséiert Mann
- RTL-Artikel: Invité vun der Redaktioun (7. September) – Lydie Polfer: Leit aus Garer Quartier sollen decidéieren, ob si eng Sécherheetsfirma wëllen
- RTL-Artikel: Hondsattack-Virfall: Lydie Polfer: „Ech wäert net virun den Drogendealeren demissionéieren“
- RTL-Artikel: Kriminalitéit an der Stad: Henri Kox korrigéiert Aussoe vum Lydie Polfer a gëtt Prezisiounen