PRESSE RTL.lu „Minister Kox schwätzt ronderëm de Bräi an huet kee Plang“

National- Policegewerkschaft SNPGL

Vum Pit Everling|Update: 15.09.2021 09:39

RTL
D’Situatioun am Garer Quartier kann net vu private Sécherheetsleit verbessert ginn, mä just vun der Police.

Ma déi Police brauch méi Leit a méi Moyenen an do feelt et un engem klore Konzept vum Policeminister: Sou reagéiert d’Policegewerkschaft SNPGL op d’Diskussioun ronderëm d’Sécherheet am Garer Quartier.

An deem Garer Quartier géing et e Problem ginn an dee wier net kleng. Léisunge vu Säite vun der Politik gesäit den SNPGL-President Pasal Ricquier net: „De Minister schwätzt ronderëm de Bräi an huet kee Plang.“ Et wier ee gespaant op déi Mesuren, déi wäerten annoncéiert ginn, leider géing de grénge Minister jo net mat de Gewerkschafte schwätzen.

Den Henri Kox kéim och mat Argumenter, déi net valabel wieren. Sou géing et de Moment kee Platzverweis a keng Remise/Reprise ginn, betount de Pascal Ricquier.
 
Generell gesi kéint d’Police net optimal schaffen, well se mat Chargë befaasst wier, déi och aner Leit kéinte maachen, sou den SNPGL-President: „D’Police muss gréisser Missiounen ofginn, soss hu mir dat doten an den nächsten 10 Joer nach net am Grëff.“

D’Police bräicht natierlech méi Leit, awer och méi Moyenen, sou wéi zum Beispill Kierper-Kameraen: „Mir gi souwisou vu sämtleche Leit dobausse gefilmt. Et ass besser, et ass eng Bodycam, déi dat filmt, do gesäit ee genee d’Vue vum Polizist.“

Och d’Videoiwwerwaachung sollt ausgebaut ginn, net just am Garer Quartier. An anere Länner wier dëst scho laang en Outil dee gutt géing funktionéieren: „Wéi Groussbritannien oder Dubai. Do ass alles kameraiwwerwaacht an do ass guer keng Police-Presenz méi um Terrain. Déi schaffen net méi präventiv, brauchen dat och net.“

Et misst een do aner Weeër goen a méi modern ginn. Duerch déi privat Sécherheetsfirma am Garer Quartier hätt d’Situatioun sech iwwregens net verbessert: „Déi Leit, déi a sou Milieuen operéieren, déi kennen och d’Gesetzer. Déi wëssen och genee, wat sou Sécherheetsfirmaen däerfen oder net däerfen.“

D’SNPGL war vun Ufank u géint den Asaz vu private Sécherheets-Zerwisser.

RTL Journal den 14/09/2021 em 12.30

RTL Journal den 14/09/2021 em 18.30

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen