PRESSE RTL.lu Vun elo u méi Presenz an der Stad, esou d’Ukënnegung vum Policeminister

National – Henri Kox Vum Tim Morizet|Update: 27.09.2021 11:58

RTL

Konkret heescht dat, datt méi Patrullen an den diverse Quartieren, ewéi z.B. op der Stater Gare, sollen ënnerwee sinn.

Et wier eng Reaktioun ob d’Demande vun der Populatioun, déi rezent geklomme wier.

D’Police am Zentrum wier dobäi sech ze reorganiséieren, heescht et vum Minister, fir déi neidesch Capacitéiten a fräi Unitéiten op den Terrain ze bréngen. E konkrete Chiffer gouf net genannt.

Den erweiderte Rekrutement an d’Ausbildung wieren nach an engem jonke Stadium. Den néidegen Effectif géing nach feelen, mä géing lues a lues vum nächste Fréijoer u besser ginn, esou de Minister.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen