PRESSE RTL.lu Nach vill Froen no Annonce vu méi Police-Presenz

Invité vun der Redaktioun (29. September) – Laurent Mosar Vum Claude Zeimetz|Update: 29.09.2021 09:11

E Mëttwoch de Moie war den CSV-Politiker eisen Invité vun der Redaktioun.

„Mir si virun allem mol frou, datt d’Regierung aus hirem Déifschlof erwächt ass an elo eppes géint d’Sécherheetsprobleemer op der Gare mécht an eng méi staark Police-Presenz decidéiert huet.“, dat sot de Stater CSV-Schäffe Laurent Mosar de Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.

Well de Problem op der Stater Gare wier zanter Jore bekannt. Déi éischt grouss Versammlung op der Gare wier ëmmerhi schonn 8 Joer hier. E Méindeg huet de Policeminister Henri Kox elo annoncéiert, datt an der Stad kuerzfristeg méi Beamte sollen ze Fouss op den Terrain goen, fir mat Patrullen Presenz ze markéieren.

Fir de Stater Schäffen an CSV-Deputéierte stelle sech awer nach vill Froen, zum Beispill wou déi zousätzlech Poliziste sollen hierkommen. Respektiv ob d’Beamten, déi haut schonn do sinn, méi Missiounen erfëlle mussen. Oder gi Poliziste vun anere Kommissariater am Land ofgezunn?

Am Stater Gemengerot gouf e Méindeg nach d’Motioun vun der rout-grénger Oppositioun (LSAP, Gréng, déi Lénk) majoritär verworf, déi op en neits gefuerdert huet, fir de Kontrakt mat der ëmstriddener Sécherheetsfirma ze kënnegen.

D’Stater CSV géif elo ofwaarden, wéi déi annoncéiert Mesurë sech konkret um Terrain auswierken, sou de Laurent Mosar de Mëttwoch de Moien. A virun allem wëll de Schäfferot d’Garer Leit ëm hir Meenung froen.

Réischt da géif ee sech nees zum Asaz vun der privater Sécherheetsfirma am Garer Quartier positionéieren. Et géif ee sech do net ënner Drock setze loossen. „Wann do soll eng grouss Verbesserung kommen, da kucke mir„, huet de Stater CSV-Schäffe gemengt.

Nieft der Police wieren hei awer och d’Justiz an d’Migratioun concernéiert. D’Gesetzer wieren net komplett, kritiséiert de Laurent Mosar an huet op en neits de Manktem vum Platzverweis genannt, wéinst deem et net méiglech ass, Persounen aus Entréeë vu Gebaier zum Beispill ze huelen. Op deem konkrete Punkt huet den Henri Kox virun e puer Méint eng Ouverture gemaach.

Et géif een op alle Fall mat Spannung op den annoncéierte Mesuren-Pak waarden, deen awer vill éischter hätt misse kommen, esou nach de Stater CSV-Schäffe Laurent Mosar, deen der Regierung am Interview och reprochéiert huet, an de leschte Joren an der Drogepolitik komplett versot ze hunn. Blo-Rout-Gréng hätt an deem Beräich eng Datz verdéngt, sot eisen Invité vun der Redaktioun, ouni dat weider ze developpéieren. D’Nouvelle, datt d’Dräierkoalitioun e Réckzéier bei der Legaliséierung vum Cannabis mécht, huet de Laurent Mosar net am Detail kommentéiert. D’CSV wier op alle Fall net waarm duerfir gewiescht.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen