PRESSE RTL.lu Uganks 2023 wäerten eng 130 Poliziste méi um Terrain sinn

NATIONAL- Rekrutement bei der Police

VVum Diana Hoffmann, Monique Kater (Télé)|Update: 13.10.2021 18:30

RTL
© Mike Elsen

De Mëttwoch de Moien huet et op der Pressekonferenz vu Police an zoustännegem Minister geheescht, datt elo eng 2. Rekrutementscampagne lancéiert gëtt.

D’Police sicht erëm nei Rekrutten. 200 Kandidate ginn tëscht dem 20. Oktober an dem 3. November gesicht, wou d’Aschreiwunge lafen. Hannergrond dovunner ass, dass den Effectif vun der Police soll ëm 600 Leit opgestockt ginn. Gesicht gi virun allem Leit fir an de Karriäre B1 a C1, wéi den Alain Engelhardt vun der Police ënnersträicht. Fir d’Karriär A1 ginn all Joer eng 5 Leit gesicht.

Mat deenen neie Rekrutte wëll een engersäits déi am Schnëtt 60 Polizisten ersetzen, déi all Joer an d’Pensioun ginn, an awer och nach méi Poliziste fir um Terrain astellen, bis Ufank 2023 eng 130.

Schonns d’lescht Joer ass den éischten Deel vun der ausseruerdentlech Rekrutéirungscampagne lassgaangen. Nei war dobäi och, datt d‘Altersmoyenne fir d’Rekrutte ofgeschaaft gouf. Eng 700 Kandidature waren deemools erakomm, an déi 200 designéiert Leit sinn den Ament an der Ausbildung. Am Mee d’nächst Joer gi si da vereedegt. Déi Kandidaten, déi elo an den nächste Woche rekrutéiert wäerte ginn, kommen 2024 an den Asaz.

Et wäert och nach eng 3., eng 4. a villäicht eng 5. Recrutéirungscampagne bei der Police ginn”, sot de Policeminister Henri Kox de Moien op enger Pressekonferenz. Esou laang, bis eben all d’Ofgäng duerch Pensioune bei der Police ersat sinn, an och wierklech 600 Leit méi um Terrain present sinn. Den Ament huet d’Police 2.200 Polizisten a 570 zivil Mataarbechter.

Och zivil Mataarbechter sollen an nächster Zäit rekrutéiert ginn. 240 sollen hei nach dobäikommen, betount de Minister. Sou missten d’Poliziste manner Bürosaarbecht maachen a kéinte méi um Terrain sinn.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen