PRESSE RTL.lu IGP fuerdert Suspendéierung vu Polizist, Kox confirméiert, datt Prozedur leeft

National – No Virfäll um Virowend vun Nationalfeierdag RTL|Update: 08.11.2021 21:11

RTL

De Policeminister wäert am Laf vum Dag oder vun den nächsten Deeg decidéieren, ob hien der Recommandatioun vun der IGP nokënnt oder net.

No den Ausernanersetzungen hannert dem Palais um Virowend vun Nationalfeierdag huet d’Generalinspektioun vun der Police, d’IGP, d’Suspendéierung vun engem Police-Beamte recommandéiert, sou d’Lëtzebuerger Wort. De Beamte kritt virgehäit eng Persoun um Gesiicht schwéier blesséiert ze hunn, wéi d’Police wéinst enger Kläpperei hannert dem Palais intervenéiert war.

De Policeminister Henri Kox huet op Nofro hi confirméiert, datt d’Prozedur leeft. De Beamten hätt och scho seng Stellung presentéiert an de Minister krut eng intern Analys presentéiert. Hie wäert am Laf vun den nächsten Deeg decidéieren, ob hien der Recommandatioun vun der IGP nokënnt oder net.

De Policebeamte gouf wéinst sengen Aktiounen den 22. Juni am Oktober och wéinst muttwëlleger Kierperverletzung ugeklot. An där Instanz ass hien nach net jugéiert ginn, also gëllt fir hien d’Présomption d’Innocence. Trotzdeem kéint et awer fir hie schonn, wéi gesot, disziplinaresch Konsequenze ginn.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen