PRESSE RTL.lu Poliziste fuerderen endlech Gerechtegkeet bei de Carrièren

NATIONAL- No Urteel vu Verwaltungsgeriicht Vum François Aulner|Update: 02.12.2021 18:21

RTL

D’Poliziste soen hanner virgehalener Hand, et wier e Schlag an d’Gesiicht.

Zanter der Policereform vun 2018 gi Polizisten an der „B-Carrière“ agestallt. Eng 130 Polizisten, déi virun der Reform agestallt goufen, sinn trotz Schoulofschloss net vun der „C-Carrière“ an d’“B-Carrière“ geklommen. Si hu Recours gemaach, mä krute virum Verwaltungsgeriicht onrecht. En Urteel vum Verfassungsgeriicht an enger anerer Affär spillt de betraffene Beamten och net an d’Kaarten.

Dem Verfassungsgeriicht no verstéisst d’Reform vun der Police vun 2018 net géint den Artikel 10bis vun der Verfassung dee virgesäit: „Les luxembourgeois sont égaux devant la loi“. Am Urteel steet, datt d’Reform vun 2015 iwwert den Accès vu Beamten an iewescht Carrièren esou formuléiert ass, datt deen Accès op verschidde Funktioune begrenzt ass. D’Situatioun vum Kader bei der Police wier esou spezifesch, datt ee se net kéint mat anere Beamten ewéi zum Beispill Gemengebeamte vergläichen.

D’Riichter vum Verwaltungsgeriicht stellen an hirem Urteel fest, datt et keng legal Basis, kee Gesetz gëtt, andeem virgesinn ass, datt Poliziste mat Schoulofschloss automatesch reklasséiert ginn. Souguer wann d’Verfassungsgeriicht géing eng Diskriminatioun feststellen, sou kéinte weder d’Riichter nach déi zoustänneg Ministeren decidéieren, dat Lach ze fëllen. Et wier um Pouvoir legislatif, also un der Chamber, fir dat ze maachen.

De Mich Mangen ass President vun der Associatioun vun de Poliziste mat Schoulofschloss, der ADESP. Senger Meenung no gouf mat der Reform vun 2018 eng absurd an ongerecht Situatioun geschaaft, déi extrem negativ Konsequenzen op d’Sécherheet vum Land kéint hunn. D’Beamten aus der „C-Carrière“ wieren nämlech net gewëllt, d’Beamten an der „B-Carrière“ uerdentlech ze schoulen. „Mir hu vun Ufank un net iwwert Geld geschwat a mir hunn eis net beklot, mä et ass eng Fro vu Gerechtegkeet“, sou de Mich Mangen. De President vun der ADESP seet, et gëtt héich Zäit, datt d’Politik endlech fir Gerechtegkeet bei der Police suergt. D’Oppositioun ass dofir, op Regierungssäit wier d’LSAP och averstan, mä déi Gréng an d’DP virun allem géingen op Zäit spillen.

D’Associatioun vu Poliziste mat Schoulofschloss wëll an Appell géint d’Decisioune vun de Geriichter goen. Wa bis all d’Rekursméiglechkeete genotzt goufen, da géing ee méi wäit goen. Polizisten däerfe net streiken, mä se kënnen op d’Strooss protestéiere goen, sou de Mich Mangen.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen