PRESSE RTL.lu Sécherheetsmesuren op der Maniff hätte gewierkt

Henri Kox am RTL-Interview RTL|Update: 13.12.2021 08:19

RTL

De Minister Henri Kox huet e Méindeg de Moien d’Objektiver erkläert, déi een de Weekend hat, an dobäi betount, datt d’Police gutt Aarbecht geleescht hätt.

E Sonndeg hunn eng 500 Leit an der Stad géint d’Corona-Politik manifestéiert. Et ass awer friddlech bliwwen am Géigesaz zu e Samschdeg, wou et zu Affrontementer tëscht Demonstranten an der Police koum. 19 Persoune goufe jo festgeholl. Géint 5 Leit gi juristesch Schrëtt an d’Weeër geleet. Ënnert anerem wéinst Rebellioun, illegalem Waffebesëtz, Aggressioun a verbuedene Symboler.

De Policeminister Kox huet e Méindeg de Moien am RTL-Interview dann och d’Objektiver erkläert, déi ee sech fir de Weekend gesat hat: Demonstratiounsrecht a Meenungsfräiheet assuréieren, gläichzäiteg awer Krawall a Gewalt ënnerbannen. D’Police hätt an deem Kontext eng exzellent Aarbecht geleescht a glécklecherweis wier et kee Blesséierte ginn.

Wat nächst Manifestatiounen ugeet, wier een och virbereet, sou den Henri Kox. D’sozial Netzwierker géifen observéiert ginn, huet de Policeminister ënnerstrach. Hien huet och den Appell gemaach, datt ee sech vun Demonstrante soll distanzéieren, déi wëlle Krawall maachen. Differenze wieren an der Diskussioun an net op der Strooss ze léisen.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen