Invité vun der Redaktioun (13. Januar) – Steve Heiliger
Vum Fränz Aulner|Update: 13.01.2022 13:19
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
En Donneschdeg de Moie war de Generalsekretär vun der CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.
„D’Staatsbeamte Gewerkschaft ass net géint d’Impfung, ganz am Géigendeel“, esou de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP en Donneschdeg de Moien op RTL. De Steve Heiliger huet drun erënnert, datt d’CGFP am Ufank vun der Pandemie sech dofir staark gemaach huet, datt gewëss Beruffsgruppen, déi vill Kontakter mat Leit hunn, prioritär geimpft solle ginn. Allerdéngs wier d’CGFP dem Numm vun der Gewerkschaft net gerecht, wa se mat Mesuren averstane gewiescht wier, wou een a leschter Instanz awer géing riskéieren, seng Aarbecht ze verléieren. „An dat war beim fräiwëllegen 3G op der Schaff op d’mannst net ausgeschloss“, sou de Steve Heiliger.
De Generalsekretär vun der CGFP sot an deenen Administratiounen, wou de CovidCheck zanter dem 18. Oktober schonn agefouert gouf, do wier e ganz strikt applizéiert ginn. „Dat lant net alles direkt beim Commissaire à la discipline“, huet hien zouginn. Mä déi Leit, déi de CovidCheck net erfëllt hätten, wieren a sengen Aen „embêtéiert“ ginn an ëmmerhin hätten eng Rei Beamten eng Plainte deposéiert.
D’CGFP an déi aner Gewerkschafte kritiséieren och, datt Leit, déi net geimpft sinn, fir hir Tester selwer musse bezuelen, och wann elo de 3G vun e Samschdeg un an all de Betriber an Administratiounen obligatoresch gëtt. De Steve Heiliger huet awer op de Kompromëss mat der Regierung higewisen, dee virgesäit, datt Leit, déi sech elo impfe loossen, bis se komplett geimpft sinn, gratis kënnen Tester maachen. Eng grouss Fro, déi sech mam obligatoresche 3G op der Schaff stelle géing, dat wier wéi ongeimpfte Beschäftegter sech solle moies fréi teste loossen. Besonnesch méindes wier dat problematesch. De Steve Heiliger huet och drop higewisen, datt et Leit ginn, déi aus diverse Grënn net kéinte geimpft ginn.
Wat eng eventuell Impfflicht ugeet, iwwert déi d’Chamber jo d’nächst Woch debattéiert, do warnt d’CGFP virdrun „eppes iwwert de Knéi ze briechen“. Dem Steve Heiliger no wier de Prinzip eppes an d’Ëmsetzung eppes anescht. Hien huet eng ganz Rei Froen opgeworf ewéi zum Beispill, wat mat deene Leit geschitt, déi sech trotzdeem net impfe loossen. Fir de CGFP-Generalsekretär dierf eng Impfflicht net am Widdersproch zu de Prinzippie vum 3G op der Schaff sinn. Dat heescht, et dierf een net seng Aarbechtsplaz verléieren, keng disziplinaresch Prozedur riskéieren an engem seng Existenz dierf net um Spill stoen.
Ass d’CGFP dann awer fir eng Impfflicht, fir wann all déi Garantien do sinn? Dat wollt de Steve Heiliger net verroden, well et vill aner Froen nach géinge ginn. Dowéinst misst een d’Debatt féieren, sou wéi d’Chamber et virgesäit. Mä d’Staatsbeamtegewerkschaft wéisst och gär, wien d’Experte sinn, déi d’Regierung an der Fro vun der Impfflicht bis elo beroden hunn a wéi onofhängeg déi wieren. A se freet dowéinst och den Avis vun aneren Experten.