National- President vun der Policegewerkschaft RTL|Update: 21.01.2022 19:13

D’Beamte wieren zwar op d’Asätz virbereet, awer d’Iwwerstonnen, déi musse geleeschte ginn, wiere fir verschidde Polizisten eng Belaaschtung.
Zanter Wochen a Méint scho sinn all Weekend Demonstratioune géing d’Covid-Politik vun der Regierung. Op dësen Deeg sinn dann net nëmmen Honnerte vun Demonstranten an der Haaptstad ënnerwee, mä och Honnerte vu Polizisten. Op esou Asätz wieren d’Beamten awer gutt virbereet, seet de President vun der Policegewerkschaft, de Pascal Ricquier. Déi vill Iwwerstonnen, déi awer musse geleescht ginn, wiere fir verschiddener eng extrem Belaaschtung. Et misst gehandelt ginn.
Och e Samschdeg wäerten erëm Maniffen an der Stad sinn. Wéi vill Leit kommen a wat d’Strategie vun dëse wäert sinn, ass nëmme bedéngt bekannt. D’Police muss preparéiert sinn, an ass och dëse Weekend nees mat Honnerte Beamte sur place. Vill Iwwerstonne fir d’Beamten, déi zousätzlech bei déi dobäi kommen, déi si souwisou scho misste maachen, well d’Police ënnerbesat ass, erkläert de Pascal Ricquier: Iergendwann mussen di Leit awer fräi hunn. Da musse villäicht verschidde Kommissariat einfach fir een Dag zou gemaach ginn. Oder et muss manner Effektiv dosinn. Mee eis Leit brauchen och Rou, wëll iergendwann geet et net méi.
Wéi déi Stonne sollen erageholl ginn, misst elo gekläert ginn. Hien hofft, datt sech de Policeminister an d’Generaldirektioun mat der Personalvertriedung zesummesëtzen. Op Asätz, wéi deen um leschte Samschdeg, wieren d’Beamte gutt genuch virbereet. Op Leit vu bausse wierkt d’Akessele vu Manifestanten engersäits no engem gelongene Coup, anersäits kennt een aus dem Ausland awer ganz aner Moyenen, fir eng illegal Demonstratioun opzeléisen.
De Pascal Ricquier dozou: Mir hu scho vill Moyenen. Et ass jo elo e Maintien de l’ordre opgestallt ginn. A jidderee muss wëssen, wa bis esou een opgestallt ass an engem Land, dann ass et scho schlëmm genuch. Maintien de l’ordre heescht ëmmer, a verschiddene Situatiounen Usage de la force. Verschidde Bierger verstinn dat mengen ech net. Dofir wär et och gutt, datt d’Bierger sech vun deenen doten Demonstratiounen einfach ewechhalen.
Och déi sougenannte Bodycamme kéinte bei der Auswäertung vun esou Asätz hëllefen. Doriwwer eraus misst awer op alle Fall en Demonstratiounsgesetz kommen, well déi Leit, déi an der éischter Rei stinn, ginn ugegraff, et gëtt op si gespaut a sou weider. Et wier gutt, wann do géing en Demonstratiounsgesetz opgestallt ginn, wou Strofen drop sinn, wa Leit esou eppes maachen. Da kéinten déi Leit zu Rechenschaft gezu ginn.
De Pascal Ricquier weist dann och nach drop hin, datt wa béid Eltere bei der Police schaffen, dat mat deene villen Iwwerstonnen duerch déi permanent Asätz kann zu schwierege Situatioune féieren. Hei misst de Staat eng Léisung fannen, fir d’Betreiung vun de Kanner vun de Beamten ze garantéieren.