PRESSE RTL.lu Chauffer rammt wärend spektakulärer Course-poursuite 2 Policeween (VIDEO)

RTL|Update: 15.03.2022 06:42 Twitter-Video: Course-poursuite duerch d’Stad bis op d’A13

2 Poliziste goufe blesséiert a grousse Schued un 2 Déngschtween.

Wéi d’Police mellt, war e Chauffer e Méindeg géint 12.35 Auer méi presséiert mat sengem Auto an der Stad ënnerwee. Et koum zu enger längerer Poursuite.

D’Beamte wollten de Chauffer kontrolléieren, ma amplaz stoen ze bleiwen, huet dësen an der Montée de Clausen Gas ginn, fir duerch d’Stad an dono op d’Diddelenger A3 a Richtung Frankräich ze flüchten. Direkt e puer Patrullen hu sech hannendru gehaangen.

Wärend der Flucht huet de Chauffer e Policewon gerammt, deen dono Schrott war. Um Enn ass dee Flüchtegen op d’A13 gewiesselt, ass am Rond-point a Richtung Diddeleng-Burange weider gerannt, krut do en zweete Policewon ze paken, deen him de Wee verspäre wollt a koum do zum Schluss och un d’Halen. Ma de Mann huet nach versicht, ze Fouss ze flüchten, konnt awer vun de Beamten iwwerwältegt ginn.

Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a muss sech den Dag drop virum Untersuchungsriichter veräntweren.

Weider heescht et, dass 2 Poliziste bei der Poursuite blesséiert goufen. De Schued un den 2 Déngschtween wier zolidd, sou d’Police. Och de Rond-point huet missen temporär komplett fir den Trafic gespaart ginn.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen