RTL|Update: 04.04.2022 16:15

E Sonndeg den Owend gouf et kuerz no 18 Auer en Abroch an e Lokal zu Dummeldeng, an der Rue des Hauts-Fourneaux. De Brigang konnt awer verhaft ginn.
D’Police war geruff ginn, well Suen aus der Keess geklaut goufen. Op der Plaz ukomm, konnten d’Poliziste sech d’Biller vun der Iwwerwaachungskamera ukucken an ee vun den Awunner aus dem Gebai huet uginn, dass en de presuméierten Täter an engem Café net wäit gesinn hätt.
Do gouf de Verdächtegen dann och ugetraff a festgeholl, dat allerdéngs net, ouni dass e sech gewiert hätt. Dobäi goufen dann och 2 Poliziste blesséiert. Bei der Kierperduerchsichung um Büro koum et dunn nach emol zu Handgräiflechkeeten.
De Parquet gouf informéiert an de Mann hat um Méindeg de Moie scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.