Léif Kolleeginnen an Kolleegen,
wéi Dir warscheinlech wësst, huet den SNPGL wéinst der Pàrp-Problematik ee Litige virun der Commission de conciliation ageleet, well mat eiser Verwaltung an deem wichtegen Dossier leider op kee gréngen Zweig ze komme war.
Eng éischt Reunioun vun der Kommissioun huet den 8. Mäerz 2022 stattfonnt, an no der Zweeter, déi den 21. Abrëll 2022 war, wëlle mir Iech mat dësem kuerze Point iwwer de Fortgang an deem Dossier informéieren.
Entgéint deem wat mir warscheinlech alleguer bis viru Kuerzem geduecht hunn, dass et an der Police keen Organigramme mat arrêtéierte Pàrp-Poste géif, gëtt et wuel sou een Dokument. Effektiv huet den deemolege Minister Etienne Schneider de 24. August 2018 den Organigramme an d’Lëscht vun de Pàrp-Posten an der Police per Arrêté ministériel approuvéiert. Deen Arrêté ministériel läit dem SNPGL säit dem 17. Mäerz 2022 réischt vir. Dësen Arrêté ass valabel an kann ugewant ginn, an et wier duerchaus sënnvoll, wann dësen Organigramme endlech vun der Verwaltung publizéiert géif. Déi doranner arrêtéiert Pàrp-Posten baséieren zu groussen Deel op der Conciliatioun vun 2016, an déi viséiert Leit hunn normalerweis en Arrêté ministériel, dass si vun enger Majoration d’échelon bénéficiéieren. Am Zweiwelsfall renseignéiert d’DRH bestëmmt gären, op ee laut dem Arrêté ministériel vum 24. August 2018 ee Pàrp huet, oder net.
An der Reunioun vum 21. Abrëll 2022 huet den DCSP, deen als ee vun de Vertrieder vum Gouvernement an déi Kommissioun genannt ass, op Ufro vum SNPGL, Informatioune ginn zu de Majorations d’échelon, déi op den 1. Abrëll 2022 an der Police bezuelt ginn.
Am B1 ginn op den 1. Abrëll 2022, bei engem Effektif vun 801 Leit, 0 Majoration d’échelon bezuelt. Dat sinn 0% vum Effectif, woubäi 15% maximal méiglech sinn.
Am C1 ginn op den 1. Abrëll 2022, bei engem Effektif vun 1133 Leit, 11 Majoration d’échelon bezuelt. Dat ass manner wéi 1% vum Effectif, woubäi 15% maximal méiglech sinn.
Am C2 ginn op den 1. Abrëll 2022, bei engem Effektif vun 196 Leit, 0 Majoration d’échelon bezuelt. Dat sinn 0% vum Effectif, woubäi 15% maximal méiglech sinn.
D’Zuele fir den A1 huet den DCSP net uginn, mat dem Argument, dass den A1 net Géigestand vun der Conciliatioun wier.
Wann ee bedenkt, dass fir déi iwwer 2100 Leit vun de Gehaltsgruppe B1, C1 an C2 op den 1. Abrëll 2022 insgesamt 11 Majorations d’échelon bezuelt ginn, also ongeféier ½ % vum Effectif, woubäi 15 % maximal gesetzlech méiglech sinn (am Total däitlech iwwer 300 Majoratiounen), dann ass et fir eis trotzdeem net onwichteg ze wëssen, wéi vill Leit dann am A1, an der ieweschter Gehaltsgrupp, vun enger Majoration d’échelon profitéieren.
Eisen Informatiounen no, déi vum DCSP weder bestätegt, nach dementéiert goufen, ginn am A1 déi 15 % Majorations d’échelon weitesgehend ausgeschöpft an och un d’Beneficiaire bezuelt.
Mir hu sécher kee Problem domat, dass déi Leit am A1 hire Pàrp honoréiert kréien, mee dat selwecht muss och fir eis Leit aus dem B1, C1 an C2 gëllen.
Ee weidere wichtege Punkt betrëfft déi Leit, déi säit der Reform am Joer 2018 ee Cheffe Posten (oder Adjoint) ugeholl hunn, am gudde Glawen, dass dat ee Pàrp wier, an dass si domat Urecht op déi entspriechend Majoration d’échelon hätten. Déi betraffe Leit hunn, sou wéi mir lo erausfonnt hunn, alleguer nëmmen eng „Nominatioun“ vum DG op dee Posten, ouni Arrêté vum Minister. Sou wéi et schéngt, ass sou eng Nominatioun vum DG a Saache Pàrp a Majoration d’échelon glat näischt wäert, well se net de gesetzleche Bestëmmungen entsprécht.
Op d’Fro, déi mir an der éischter Reunioun scho gestallt haten, wat een dann dovun hätt, Chef ze sinn, an déi domat verbonne „responsabilité particulière“ ze iwwerhuelen, hat den DCSP geäntwert „seng Pai“!
Wéi Dir feststelle kënnt, lafen an dësem Dossier nach ëmmer ee ganze Koup Saache gewalteg schif, sou wéi et ausgesäit awer nëmmen zum Nodeel vun eise Leit. Den SNPGL huet seng Positioun de 15. Abrëll 2022 an engem Complément zur Saisine vun der Commissoin de conciliation op de Punkt bruecht, a kloer Fuerderunge gestallt, fir de Knuet endlech opgeléist ze kréien. D’Regierungsvertrieder hu sech Zäit gefrot, fir des Fuerderungen ze analyséieren, an dozou virun der nächster Reunioun vun der Kommissioun, déi op den 31. Mee 2022 fixéiert ass, Positioun ze ergräifen.
Am Weesentlechen sinn eis Fuerderungen déi hei (am Detail nozeliesen am Bréif vum 15. Abrëll) :
1) Déi Leit, déi laut dem bestoenden a gültegen Organigramme eng Majoration d’échelon ze gutt hunn, sollen déi mat der Pai vum Juni ausbezuelt kréien
2) Da sollen déi verluere Méint réckwierkend nobezuelt ginn, an dobäi sollen och déi Kolleeginnen a Kolleegen, déi eventuell säit dem 1. Januar 2020 schonn a Pensioun gaange sinn, nach an de Genoss dovu kommen
3) Jiddereen, dee lo schonn eng „responsabilité particulière“ assuméiert, soll eppës dofir kréien, a wann néideg réckwierkend
4) Dauerhaft Upassung vum Prozentsaz fir d’Pàrpen un d’Struktur vun der Police grand-ducale
5) Ausschafe vun enger Iwwergangsphas bis zum Enn vun der Voie expresse 2028, fir déi bestoend Organisatioun un d’Besoinen unzepassen.
6) Opstellung vu konkreten, reellen a gerechte Krittäre fir d’Verdeelung vun de Pàrpen
7) Kengerlee „responsabilité particulière“ soll méi musse gedroe ginn, wann dat net adequat bezuelt gëtt.
Den SNPGL setzt sech no beschtem Wëssen a Gewëssen dofir an, dass am Dossier Pàrp endlech eppës geschitt, an dass kee „bei d’Lisette gelooss“ gëtt.
Dir gitt natierlech iwwer de weidere Verlaf vun de Verhandlungen informéiert.
Mat gewerkschaftleche Gréiss,
De Conseil d’administration
https://www.snpgl.lu/Complement-saisine-conciliation-SNPGL.pdf





