Vu(m) Annick Goerens|Update: 10.05.2022
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
En Dënschdeg de Moie war de President vun der CGFP eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Staatsbeamtegewerkschaft wäert net acceptéieren, datt eng Indextranche verluer geet. Dat huet de President vun der CGFP, de Romain Wolff en Dënschdeg de Moien hei op RTL kloergestallt.
Den Accord vun der Tripartite vum 31. Mäerz gesäit jo vir, datt bis Enn 2023 net méi ewéi eng Tranche bannent engem Joer soll ausbezuelt ginn, mä well d’Inflatioun elo méi héich ass ewéi erwaart, riskéiert et méi ewéi eng Tranche verréckelt ze ginn. Entweder déi ginn dann no 2023 mateneen ausbezuelt oder et gëtt eng annuléiert.
De Romain Wolff huet an deem Sënn all d’Parteien opgefuerdert ze soen, wéi si dozou stinn.
Hien huet awer och betount, datt wa méi ewéi eng Tranche muss verréckelt ginn, ausgemaach gouf, datt eng nei Tripartite zesummekënnt. De CGFP-President ass en Dënschdeg de Moien och dovunner ausgaangen, datt dat „ganz geschwënn“ wäert de Fall sinn. Engersäits géingen d’Inflatiounsprevisioune vum Statec, déi ee wärend der Tripartite presentéiert krut, net méi richteg. Donieft wier dobäi komm, datt d’Banken no der Tripartite Beneficer an Dividende matgedeelt hunn.
D’Inflatioun betrëfft net just d’Betriber, mä och d’Leit, sou de Romain Wolff. Dowéinst bleift d’CGFP bei der Fuerderung no enger Upassung vu Steierbarèmen un d’Inflatioun. Obwuel d’Finanzministesch Yuriko Backes hei op RTL sot, datt sou eng Mesure eng Hallef Milliard Euro d’Joer géing kaschten, ass de Romain Wolff bei senger Fuerderung bliwwen.