Vu(m) Claude Zeimetz|Update: 06.05.2022
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.
E Freideg de Moie war de grénge Policeminister eisen Invité vun der Redaktioun.
„Et ass natierlech Schued, dass si huet missen zeréck trieden…“ Esou huet den Henri Kox e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun op d’Demissioun vum Carole Dieschbourg reagéiert. Ouni si géif et am Osten natierlech schwiereg ginn. Duerch eng engagéiert Ekippe mat inhaltlechen Ziler an eng gudder Politik kéint a wéilt een de Verloscht awer opfänken. Och d’Carole Dieschbourg bräicht sech an hirem Ressort net ze schummen. Si hätt ganz vill Reform ëmgesat. Ze lescht nach dat neit Offallgesetz.
Chamber spillt bei Gaardenhaischen-Affär net op Zäit
Déi prozedural Demarchë vun der Chamber a puncto Enquête géint d’Carole Dieschbourg wollt eisen Invité vun der Redaktioun als Minister u sech net kommentéieren. Et hätt een eng Gewaltentrennung am Land, an deem misst ee gerecht ginn. Den Henri Kox sot duerno awer, et wier de richtege Choix dass d’Chamber an der Persoun vum Luc Heuschling awer elo nach en eminente Verfassungsexpert wéilt héieren, fir e bescht méiglechen Auswee ze sichen.
Anescht wéi d’Justiz vertrëtt de Professer vun der Uni Lëtzebuerg ëffentlech d’Meenung d’Carole Dieschbourg sollt als fréier Ministesch virun dat reguläert Strofrecht kommen. Eng éischt Decisioun, déi Chamberbüro a Presidentekonferenz unanime geholl haten, war allerdéngs schonn zu der Konklusioun komm d’Parlament wier zoustänneg.
Dem Henri Kox no, géif e hei awer net drëm goen op Zäit ze spille mä fir sech beschtméiglechst opzestellen, sech neutral vun engem vu baussen opkläre loossen an déi breetste Meenung ze héieren. Dee Prozess wier wichteg a kéint och net an enger Woch ofgeschloss sinn.
Verschidde Kameraen an der Stad sinn iwwerflësseg
Wat d’Sécherheets-Situatioun am Stater Garer Quartier ugeet, sot den Henri Kox a senger Funktioun als Policeminister, datt déi annoncéiert Iwwerwaachungs-Kamerae kommen. Den Ament géif eng Analyse vun deenen Zonë lafe wou se sollen hikommen, an Enn Juni sollen d’Resultater dovunner an de Gemengerot kommen.
Hien als Minister géif d’Iwwerwaachungszonen dann, jee nodeem wat dobäi rauskënnt, nach emol virum Summer autoriséieren. Et géifen effektiv och Kameraen an der Stad ginn, déi iwwerflësseg sinn. Wéi eng dat, sot de grénge Minister net. Dat wier am Gaang gekuckt ze ginn. Och wou Kamerae bäikomme kënnen. Zu Beispill um Hamilius oder zu Bouneweg. Dat ganzt wier awer net eleng d’Decisioun vum Minister.
Staatsrot huet Gesetzprojet vum Plazverweis aviséiert a freet méi kloer Konditiounen
Wat de „Plazverweis Light“ ugeet, déi faméis „garantie d’accès“, läit den Avis vum Staatsrot jo ewell fir. Déi Héich Kierperschaft ass prinzipiell d’accord mam Text, freet awer méi e präzise Kader. Dorobber sollt een och agoen. Donieft wëll den Henri Kox och nach op den Avis vun der Mënscherechtskommissioun waarden.
Et wier effektiv en delikaten Dossier duerfir misst een, wéi bei der Gaardenhaischen-Affär och, all d’Meenunge lauschteren. Et wier och net un der Police fir Sozialaarbecht ze maachen, dofir misst och hei d’Gemeng mat an d’Boot geholl ginn. De Gesetztext soll no der Vakanz an der Chamber finaliséiert ginn.
Gréisste Rekrutement an der Policegeschicht
D’Recrutementsefforte géifen hir Friichten droen. Et géif elo sou vill rekrutéiert wéi nach ni, seet den Henri Kox. Wann 800 respektiv wéi dëst Joer 700 Kandidaten sech mellen, da wier ee gutt opgestallt. Gutt wier och, datt déi Policeschüler a Schülerinne schonn am Stage mat op den Terrain ginn, fir Presenz ze weisen.
Dat géif gutt ukommen an de Gemengen. Zum Beispill zu Ettelbréck ma och mat der Stad Lëtzebuerg géif d’Zesummenaarbecht u sech gutt lafen. Et géif ee sech reegelméisseg gesinn an dru schaffen d’Zesummenaarbecht weider z’optimiséieren.