NATIONAL – President vun der Policegewerkschaft
Vu(m) Jeannot Ries (Tëlee)|Update: 25.05.2022 18:11
„Mer kënnen et net acceptéieren, dass eis Polizisten ëmmer méi dacks agresséiert ginn.“
„Dofir ass dat hei eng Mesure, déi derzou ka féieren, dass vill Situatiounen net méi eskaléieren.“ Dat sot den deemolege Policeminister Etienne Schneider scho viru bal 4 Joer.
Et geet drëm, duerch esou kleng Kameraen, déi d’Beamte meeschtens op der Schëller droen, quokeleg Situatiounen ze entschäerfen, wann et zu enger Eskalatioun koum. D’Hemmung géintiwwer Polizisten aggressiv ze ginn, gëtt vu Joer zu Joer méi kleng.
Et ass awer och eng Schutzmesure fir de Polizist. Et gi vill verschidde Facetten, ugefaange mam Dateschutz. Elo sollen déi Bodycams also Realitéit ginn.
De Pascal Ricquier de President vun der Policegewerkschaft:
„Dat ass eng gutt Saach, dass d’Bodycams elo kommen. Mer hunn dat och gefuerdert, well Poliziste ginn ëmmer méi mat Handye gefilmt. Et soll een och emol d’Vue vum Polizist gesinn“.
Stellt sech natierlech d’Fro, wéini déi Kameraen zum Asaz kommen
„Dat muss nach gekläert ginn. Wann ee kuckt, wat am Projet steet also „Constatation d’infractions“: dat kann alles sinn. Do misst een dem Polizist iwwerloossen, d’Kamera unzemaachen oder auszeloossen.“
Eng vu ville Froen ass, wien Zougang zu de Biller kritt. Fir de President vun der Policegewerkschaft misst dat virop de Parquet sinn.